Méiglech ThemenWat ass sech vum Etat de la Nation de Mëtteg ze erwaarden?

Pierre Jans
Anne Wolff
Um 14.30 Auer en Dënschdeg de Mëtteg hält de Premier Luc Frieden seng éischt Ried zu der Lag vun der Natioun.

Am Virfeld hunn de Pierre Jans an d’Anne Wolff diskutéiert, wat méiglech Theme kéinte sinn.

Explikatiounen zu der Lag vun der Natioun/Reportage Pierre Jans an Anne Wolff

No de rezenten Annoncen dierft mat konkrete Proposen ze rechne sinn. Virop bei der Fro, wéi et mat den Aidë weidergeet, déi bei den Tripartitten 2022 an 2023 decidéiert goufen, fir d’Präisdeierecht ofzebremsen. Besonnesch den Energiepräisdeckel soll jo Enn des Jores auslafe gelooss ginn, ma et feele konkret Detailer.

Berechnunge vum Statec weisen e Plus vu 60 Prozent beim Gas a 17 Prozent beim Stroum, fir d’Rechnung vun Stéit géif een den Deckel brut stoppen.

An och beim Logement dierften d’Conclusioune vun den Aarbechtsgruppe presentéiert ginn, déi nom Logementsdësch am Februar zesummekomm waren. Och feelt et nach un enger konkreter Ëmsetzungsméiglechkeet vum sougenannte “Silence vaut accord”, also engem automateschen Accord, wann ee bannent enger gewësser Zäit keng Äntwert vun enger Administratioun krut.

Fir konkret Proposen zu enger Pensiounsreform dierft et dogéint nach ze fréi sinn, grad ewéi fir déi versprache Steierreform. Do gouf et jo vum 1. Januar un eng Adaptatioun vun der Steiertabell vu 4 Indextranchen. Eventuell kéinten et awer weider Mesurë fir d’Steierklass vun den Elengerzéiende ginn.

Donieft spille warscheinlech och international Theme wéi d’Kricher an der Ukrain an an der Gazasträif an natierlech d’Europawalen eng Roll.

Bei de Staatsfinanzen ass et d’Fro, ob vläicht awer Spuermesuren annoncéiert ginn.

D’Ried zur Lag vun der Natioun kënnt Dir vu 14.30 Auer un am Livestream an am Liveticker bei eis suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO