EuropawalenWat erwaart d'Leit a wat huet am Verglach zu de leschte Wale geännert?

Marc Hoscheid
Erklärungen zu den Europawale vum Marc Hoscheid am Gespréich mam Joël Detaille.

Joël:Dëse Méindeg fänkt den Europawalkampf offiziell un. Den 9. Juni sinn d’Bierger zu Lëtzebuerg opgeruff, hir Stëmm fir d’Europaparlament ofzeginn. An deenen nächste 5 Woche wäerten déi verschidde politesch Parteie probéieren, d’Wieler vun hiren Iddien ze iwwerzeegen. Fir doriwwer ze schwätzen, wat d’Bierger an der Walcampagne erwaart an ëm wat et geet, ass de Marc Hoscheid bei mer am Studio. Gudde Moie Marc, wat erwaart d’Leit dann an der Walcampagne?

Erklärungen zu den Europawalen - Vum Marc Hoscheid

Marc: Et gëtt virun allem eng Ännerung par rapport zu deene leschte Walen. Zanter der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg hänken déi éischt Walplakater. Dobäi verzichten déi 7 Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, also d’CSV, d’DP, d’LSAP, d’ADR, déi Gréng, d’Piraten an déi Lénk souwéi déi ausserparlamentaresch Oppositiounspartei Fokus dës Kéier allerdéngs op déi sougenannten “Hohlkammerplakater”. Dat sinn déi Plakater, déi aus Polypropylen hiergestallt sinn an normalerweis un de Luuchtepottoen hänken. Dat heescht awer net, datt een op Politiker, déi ee laanscht d’Stroossen ugrinsen, verzichte muss. Et gëtt just méi op Plakater gesat, déi anescht ubruecht sinn.

Wat RTL ugeet, esou wäerten an deenen nächste 5 Woche Vertrieder vun alle Lëschten, déi sech dem Wieler stellen, bei eis um Radio als Invité vun der Redaktioun zu Wuert kommen, fir datt sech eis Nolauschterer ee méiglechst komplett Bild vun der politescher Offer maache kënnen. Doriwwer eraus diffuséiere mer nieft weideren Emissiounen, jee eng offiziell Table-Ronde um Radio an op der Tëlee. D’Organisatioun ass dobäi guer net esou evident, well esou vill Parteien untrieden, wéi nach ni.

Joël: Du sees et, fir d’éischte Kéier stelle sech 78 Kandidaten, opgedeelt op 13 Lëschten, dem Wieler. Wat kann een zur Ausgangspositioun soen a wat ass iwwerhaapt den Enjeu?

Marc: Et geet ëm 6 Plazen am Europaparlament. Anescht wéi bei den Nationalwalen ass d’Land dës Kéier net a Bezierker agedeelt, mee all Wieler kann all Kandidat queesch uechter de Grand-Duché eng Stëmm ginn. Fir all déi Bierger, déi tëscht 18 a 75 Joer al an an d’Wielerlëschten agedroe sinn, gëllt Walflicht. Aktuell huet d’CSV mam Isabel Wiseler a Martine Kemp 2 Sëtz. D’DP huet mam Charel Goerens, d’LSAP mam Marc Angel an déi Gréng mam Tilly Metz jee 1 Mandat. Dobäi kënnt d’Monica Semedo, déi fir d’DP an d’EU-Parlament agezunn ass, mëttlerweil awer als onofhängeg Deputéiert am Parlament sëtzt. Am Ganze ginn dës Kéier 720 Mandater am Europaparlament verginn.

Déi verdeele sech op déi 27 Memberstaaten. D’Europaparlament ass nieft der EU-Kommissioun an dem Rot vun de Regierungscheffen eng vun den 3 entscheedenden Institutiounen an der Europäescher Unioun. D’Parlament ass zwar déi eenzeg Institutioun, déi direkt vun de Bierger gewielt gëtt, mee huet awer am Géigesaz zu deenen 2 anere keen Initiativrecht. Och wann d’Parlament d’Kommissioun wielt, ass den Afloss bei der Zesummesetzung awer zimmlech begrenzt.

Joël: Wat soen dann d’Sondagen zum Ausgank vun de Walen?

Marc: Sondagë si jo ëmmer mat Virsiicht ze genéissen. Aus enger Ëmfro vum Noriichteportal Euractiv, déi Enn Februar verëffentlecht gouf, geet ervir, datt d’CSV 3, d’LSAP 2 an d’DP 1 Sëtz kréie géingen. Et kann awer och ganz anescht ausgoen. Ob d’CSV wierklech een drëtte Sëtz derbäi gewanne wäert, ass genee esou onkloer, wéi ob d’LSAP ee gewannen an d’DP an déi Gréng ee verléiere wäerten. Et kéint genee esou gutt sinn, datt d’ADR fir d’éischt an hirer Geschicht ee Sëtzt am Europaparlament gewënnt. Viru 5 Joer hat ee mat ronn 10 Prozent ee Sëtz knapp verpasst, der LSAP goungen 2019 12,2 Prozent duer.

Sollten déi Gréng wéi bei de Chamberwale massiv Stëmme verléieren, kéint et hei zu engem Changement kommen. Bei der DP wäert et iwwerdeems spannend ze kucke sinn, ob de Fait, datt d’Monica Semedo net méi bei de Liberale mat an d’Course geet, zu engem Verloscht vu Wielerstëmme féiere wäert. 2019 haten ëmmerhi méi wéi 50.000 Leit dem Monica Semedo hiert Vertrauen ausgeschwat.

En Dënschdeg diffuséieren RTL an d’Lëtzebuerger Wort iwwerdeems ee Politmonitor. Interessant gëtt och ze gesinn, wéi d’Walbedeelegung, déi viru 5 Joer bei 50,6 Prozent, an domadder méi héich wéi an den 20 Joer virdru, louch, ausfale wäert. Ma wéi gesot, d’Walcampagne fänkt haut réischt un an an deenen nächste 5 Woche ka sech nach vill doen, grad och duerch international Entwécklungen.

Den Iwwerbléck vun de Lëschten a Kandidaten

Back to Top
CIM LOGO