Kläranlag zu BeggenWat geschitt mat eisem Waasser?

RTL Lëtzebuerg
Egal ob duerch d'Spullmaschinn oder wann de Krunn op bleift. D'Waasser lant an der Reegel an enger vun de Kläranlagen zu Lëtzebuerg.

Déi vu Beggen gëtt ausgebaut. Hir Kapazitéit wäert vun 210.000 Awunner op 450.000 klammen an dat bis 2031. D’Waasser gëtt elo mat Hëllef vu Bakterien a Loftblosen an engem neie biologesche Reakter gebotzt.

De Basseng gëtt mat Waasser gefëllt an duerch verschidden Zyklusse gefouert, wou mat Hëllef vu Loft d’Waasser opgewullt gëtt. Ofwiesselend gëtt ëmmer erëm neit Waasser dobäi geschott. Dat ganzt dauert sechs Stonnen.

Fir Mikroplastik a Substanze wei PFAS, sougenannten éiweg Chemikalien, déi net méi aus dem Waasser gefiltert oder gebotzt kënne ginn, ass eng Léisung virgesinn. Virdrunner mussen awer nach aacht Biologesch Reaktere gebaut ginn, dëst soll nach bis 2028 daueren. 2031 soll deen anere Projet dann do stoen, wou elo nach den ale biologesche Reakter steet.

Eemol d’Waasser gerengegt, leeft et bannent enger Stonn an een zweete Basseng. Hei gëtt d’Waasser da méi lues an d’Uelzecht entlooss, fir eng grouss Well ze evitéieren. Dëst dauert am ganze sechs Stonnen.

Back to Top
CIM LOGO