E puer RotschléiWat maache géint Harespelen an hir Näschter?

Roy Grotz
Harespele kënne sécherlech enervant sinn, mee natierlech si se och wichteg Bestëbser.

An enger parlamentarescher Fro wollt de François Benoy vun de Ministesche Carole Dieschbourg an Taina Bofferding eng Partie Froen iwwert d'Harespelen zu Lëtzebuerg beäntwert kréien.

Dëse Summer schéngt d'Situatioun méi akut ze si wéi soss: Harespelen, déi ëmmer dann optauchen, wann dobausse gegrillt gëtt oder wann soll giess ginn. Hei am Land ginn et bal 300 Zorten Harespelen, wouvunner der nëmme 15 net an enger Famill, engem Stack liewen - nëmmen zwou Zorte suerge fir déi meescht Konflikter mam Mënsch.

Aktuell schéngt et absënns vill Harespelen ze ginn, well de Summer dréchen a waarm ass an de Wanter net wierklech kal war. Et ass deemno net auszeschléissen, datt de Klimawandel och mat sech bréngt, datt et méi Harespele ginn. Och wann d'Déieren nerve kënnen, sou plädéiert d'Ministesch fir eng friddlech Co-Existenz. Nëmmen an engem Fall vun enger imminenter Gefor fir de Mënsch sollen d'Näschter ewechgemaach ginn.

Harespelen / Rep. Roy Grotz

Dat ass zanter dem Schafe vum CGDIS keng Haaptmissioun méi vun de Pompjeeën, mä "pour la petite histoire" goufen et zum Beispill am Joer 2017 ronn 3.750 esou Interventiounen. Aktuell Chiffere kann den CGDIS dem gréngen Deputéierten net liwweren.

Wann eng Persoun freet, datt en Nascht soll ewechgemaach ginn, gëtt se weidergeleet bei d'25 benevole Conseillere vum "Wespenberater"-Reseau, deen d'lescht Saison 1.200 esou Demanden traitéiert huet. D'Pompjeeë gräife just dann an, wann et eng imminent Gefor gëtt.

Wien deemno onsécher ass, respektiv e Rot an Avis wëll hunn, wat mat engem Harespelsnascht ze maachen ass, ka sech bei der ASBL "Natur an Ëmwelt" mellen.

Dem Rapport vun der leschter Harespelssaison no konnten an de meeschte Fäll Léisunge fonnt ginn. An nëmmen all fënneftem Fall huet d'Nascht missten delokaliséiert oder zerstéiert ginn. A Fäll, wou d'Näschter ënner hëlzen Terrassen a Rolueden-Këschten oder an Isolatioune vu Fassade sinn, ass schwéier derlaanscht ze kommen, fir se net mat Insektizid futti ze maachen.

Am beschte Fall awer gëllen déi al Methoden: D'Harespelen net duerch Schloen aggressiv maachen, natierlech ätheresch Ueleger benotzen an och Peffermënz a Lavendel kënnen d'Harespelen net ausstoen. Datt Koffermënzen oder Kaffi, dee brennt, d'Déiere solle verdreiwen, gehéiert an d'Këscht vun de Seeërcher, déi ee kengem sollt ophänken.

PDF: Äntwert vum Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vum François Benoy (21.8.2020)

Back to Top
CIM LOGO