Affär CaritasWat war, wat ass a wat soll geschéien?

Fanny Kinsch
Dorëm goung et e Méindeg de Mëtten um Krautmaart, wou sech eng Rei Ministeren de Froe vun enger hallwer Dose parlamentaresche Kommissioune gestallt hunn.
Affär Caritas: Wat war, wat ass a wat soll geschéien?
Dorëm goung et e Méindeg de Mëtten um Krautmaart, wou sech eng Rei Ministeren de Froe vun enger hallwer Dose parlamentaresche Kommissioune gestallt hunn.

Fir de Premier Luc Frieden soll een elo emol no vir kucken: ” Doduerch datt dëser Deeg eng nei Entitéit gegrënnt gëtt, maache mer nei Konventiounen mat där Entitéit. Domadder stelle mer sécher, datt zu Lëtzebuerg d’Crèchen, d’Maisons Relaisen, d’Flüchtlingsheemer a Sans Abris Strukturen och am Oktober kënne weider gefouert ginn an datt all déi Aarbechtsplazen déi un deene Konventiounen hänken kënne weider bestoe bleiwen. Wann d’Caritas an der Vergaangenheet nach weider Aktivitéite gemaach huet, déi net un enger Konventioun mam Staat hänken, doriwwer kann de Staat och näischt soen....”

Op Säiten vun der Oppositioun war ee bei de Sozialisten an de Gréngen net wierklech zefridden, ënnert anerem well d’Caritas-Aktivitéiten bei der Kooperatioun am Ree stoe bleiwen. Dobäi esou de Fanz Fayot LSAP: “Fir eis ass et kloer, datt mer hei weiderhi mussen fir Transparenz suergen, och fir d’Vertrauen an de Secteur erëm hierzestellen. Iwwert d’Caritas ewech leit dee ganze Secteur ënnert där Affär. Dofir froe mir, datt eng Spezialkommissioun an der Chamber agesat gëtt fir speziell am Dossier Caritas d’Transparenz a Klärung zu deene ville Froen, déi opbleiwen ze schafen.”

Fir den Dan Hardy vun der ADR muss een d’Affär awer net just politesch opschaffen: “Mir wënschen eis, datt d’Justiz hei eng séier Aarbecht mécht, well et gi ganz vill Froen, déi ze beäntwerte sinn. Et dierf net jorelaang daueren, bis et hei zu enger Geriichtsverhandlung kënnt.”

Reunioun tëscht dem Bistum an dem Caritas-Krise-Comité

“Éierlech a respektvoll”, sou war d’Reunioun de Wierder vum Äerzbistum no, de leschte Freideg tëscht de Vertrieder vum Caritas-Krise-Comité Hengen an Billon an dem Kardinol Hollerich, begleet vum Weibëschof Leo Wagener an dem Ekonom Marc Wagener. Um Freideg war jo och d’Kreatioun vun der Nofollger-Associatioun vun der Caritas annoncéiert ginn.

Wien d’Fondatioun Caritas bei dëser Entrevue vertrueden huet oder op dat d’Kierchevertrieder selwer waren, geet net aus dem Schreiwes ervir.

D’Fondatioun begréisst dann, datt mat der neier HUT asbl eng Méiglechkeet fonnt gi wier, fir d’national Caritas-Aktivitéite weider ze féieren, mee bedauert, datt d’international Kooperatiounsprojeten musse gestoppt ginn.
Den Äerzbistum wëll dann och voll a ganz d’Onofhängegkeet vun HUT respektéieren a wäert net an dëser Struktur vertruede sinn. Domat ass dann och offiziell d’Kapitel Caritas fir d’Lëtzebuerg Kierch zougeschloen.

Hei de komplette Communiqué vum Bistum

Pérenniser les activités caritatives au Luxembourg

Le Président du comité de crise, Monsieur Christian Billon, accompagné de Monsieur Marc Hengen, administrateur et membre du comité de crise, ont rencontré le Cardinal Jean-Claude Hollerich en présence de Mgr Leo Wagener et de l’Econome général Marc Wagener en date du vendredi 13 septembre 2024 pour un échange franc et respectueux sur les dernières évolutions dans le dossier Caritas et les perspectives d’avenir.

Au cours de cet entretien, la Fondation Caritas Luxembourg a salué la solution qui a été trouvée pour pérenniser ses activités caritatives au Luxembourg. La continuation de ces activités avait été mise en péril par une fraude sans précédent qui a plongé l’organisation dans une crise profonde. La création d’une nouvelle structure HUT Hëllef um Terrain, fondée par des philanthropes luxembourgeois, permettra de continuer à servir les nombreux bénéficiaires au Luxembourg.

Cette solution mettra les collaboratrices et collaborateurs en mesure de continuer leur métier au niveau national avec le même engagement et le même professionnalisme. La Fondation regrette profondément que les projets en cours d’aide internationale vont devoir être stoppés en conséquence de la crise.

Avec gratitude l’Archevêché a pris note des efforts conséquents déployés par toutes les parties impliquées et notamment par Monsieur Christian Billon pour assurer la pérennité d’une grande partie des activités de l’ancienne Caritas et le maintien de la plupart des postes y afférents. Respectant entièrement l’indépendance de la nouvelle structure HUT Hëllef um Terrain, l’Archevêché n’y sera pas représenté.

L’Archevêché remercie toutes les personnes qui au cours des années ont contribué avec leurs valeurs, leur compétence, leur zèle et leurs appuis financiers à l’essor de Caritas en tant qu’acteur de qualité sur le plan social tant au niveau national qu’international. Les machinations frauduleuses et scandaleuses récentes ne devront ni entacher leurs mérites, ni empêcher les hommes de bonne volonté de soutenir la nouvelle structure pour œuvrer en faveur des bénéficiaires.

Back to Top
CIM LOGO