80 Joer no der Befreiung vu BeetebuergWéi d'Ghost Army d'Nazien erageluecht huet

RTL Lëtzebuerg
Virun 80 Joer hunn déi alliéiert Truppe Lëtzebuerg jo vun den däitsche Besatzer befreit.
© Marc Hoscheid

Queesch uechter d’Land gëtt aktuell un dat Evenement erënnert, sou och zu Beetebuerg. D’Stad am Süde vum Grand-Duché ass Deel vun engem méi speziellen an och manner bekannte Kapitel vum Zweete Weltkrich. Hei war nämlech déi sougenannte Ghost Army aktiv. E Freideg den Owend gouf zu Beetebuerg ee Film iwwert d’Geschicht vun der Unitéit gewisen. De Marc Hoscheid war fir eis dobäi.

Wéi d’Ghost Army d’Nazien erageluecht huet - Reportage Marc Hoscheid

De Beetebuerger Ciné le Paris war nawell zimmlech gutt gefëllt. Alles anescht wéi ee Geeschterpublikum also fir d’Ghost Army. Am Fong war den offiziellen Numm vun der Unitéit “23d Headquarters Special Troops”. Vun enger Ghost Army gouf réischt nom Enn vum Krich geschwat, warscheinlech als PR-Aktioun vum amerikanesche Militär. Ma vun Ufank u war de Logo awer ee Geescht, dee Blëtzer schéisst. De Regisseur vum Documentaire iwwert d’Ghost Army, Rick Beyer, erkläert, wat si genee war.

“Et war eng taktesch, mobil, Multimedia-Täuschungsunitéit, déi an der Lag war, eng oder zwou Unitéiten ze imitéieren. Si konnt dat wärend e puer Deeg maachen an huet sech dann erëm zeréckgezunn. An deen nächsten Dag konnt se 50 oder 100 Kilometer wäit ewech nees dat selwecht maachen.”

Dobäi koumen zum Beispill Panzer-Attrappen, déi opgeblose goufen oder och akustesch Imitatiounen an den Asaz. 22 Manöveren huet d’Ghost Army duerchgefouert, eng Partie dovunner zu Lëtzebuerg. Déi éischt Missioun hei am Land gouf zu Beetebuerg organiséiert.

“An där Missioun huet d’Ghost Army esou gemaach, wéi wa si déi 6. Panzerdivisioun wier, déi dës Géigend kontrolléiert. A Wierklechkeet waren awer just e puer Truppen op där Plaz, well am George Patton senger Frontlinn ee Lach opgaange war. Si huet also wärend 8 Deeg mat hiren opblosbare Panzeren, hire Sound-Effekter an anere Forme vun Illusioun sou gemaach, wéi wa si déi 6. Panzerdivisioun wier an esou déi Däitsch erageluecht.”

An deenen nächsten dräi Méint sollten nach op d’mannst eng hallef Dosen esou Missiounen am Grand-Duché nokommen. D’Ghost Army hat eng 1.100 Memberen, dorënner och ronn 170 Kënschtler, déi vun der Army fir d’Camouflage-Unitéit rekrutéiert goufen. Eng Partie vun hinne goufe spéider an den USA bekannt, zum Beispill de Moudendesigner Bill Blass. Ma hunn d’Missioune vun der Ghost Army da wierklech eppes bruecht?

“Ech menge si hate wierklech een Impakt. An enger Partie Operatiounen, dorënner och déi zu Beetebuerg, hei zu Lëtzebuerg, hu se déi Däitsch laang genuch erageluecht, datt se net vun enger Schwächt vun der amerikanescher Arméi profitéiere konnten. Dat huet Liewe gerett. Nom Krich gouf et bei der Army Schätzungen, datt se mat hiren Täuschunge 15.000 bis 30.000 Liewe gerett hunn. Ee vun de Membere vun der Ghost Army sot, dat ass super, mee wa mer just 15 bis 30 Liewe gerett hätten, wier et trotzdeem derwäert gewiescht.”

Och haut nach géing sech déi Unitéit, déi an der amerikanescher Arméi fir psychologesch Operatiounen zoustänneg ass, un der Aarbecht vun der Ghost Army inspiréieren. An och op anere Plazen op der Welt wier dat de Fall. Sou géing déi ukrainesch Arméi Russland mat opblosbare Panzeren a Rackéitewerfer täuschen. An dat 80 Joer no den Evenementer zu Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO