Mouveco fillt de BolsWéi d'Parteie virun den Europawalen zu den Ëmweltsujete stinn

Diana Hoffmann
Wie wiele bei den Europawalen? Fir bei der Decisioun ze hëllefen, huet de Mouvement Ecologique e Froebou mat 24 Froen un d'Parteie geschéckt.

Mam Froebou wollt een den Iwwerbléck ginn, wéi d’Parteien zu Sujete wéi der Demokratie, dem Klima, der Mobilitéit, der Subventiounspolitik an Elementer vun enger sozial-ekologescher Transitioun stinn. Eng Walempfeelung gëtt de Mouvement Ecologique als politesch neutral Associatioun awer net.

Virun den EU-Walen: De Mouveco fillt de Bols vun de Parteien

Virop: D’Parteie kéimen zu engem beandrockende Konsens, heescht et an engem Schreiwes vum Mouvement Ecologique. Et wier eng gutt Nouvelle, dass all d’Parteien, déi matgemaach hunn, also CSV, DP, LSAP, Piraten, Déi Gréng, Déi Lénk an d’KPL sech géingen zu gewësse Grondsazfroe bekennen, seet d’Presidentin vum Mouvement écologique Blanche Weber. Et géing unerkannt ginn, dass bestëmmte Reformen néideg sinn, dass d’EU kéint méi demokratesch funktionéieren. “Zum Beispill, dass mer eng Ofschafung vun den ëmweltschiedleche Subside brauchen oder dass mer e ‘Green budgeting’ sollen aféieren. Heescht, dass méi gekuckt gëtt, ob d’Gelder och konform zu ekologesche Krittäre sinn”, erkläert d’Blanche Weber. Hätt een déi Froe virun enger Partie Joer gestallt, hätt ee wuel nach net esou e Konsens fonnt.

LSAP, Déi Gréng, Déi Lénk an d’KPL sinn an der Auswäertung vun der Ëmfro déi Parteien, déi de Fuerderunge vum Mouvement Ecologique déi meeschten integral Zoustëmmung ginn hunn.

Net an alle Punkten eens

Kloer Nuancë ginn et da bei verschiddene Punkten: Zum Beispill betounen d’DP an d’CSV eng Ofleenung vun enger Steier fir Superräicher. D’Piraten hu bei dëser Fro keng Positioun uginn. D’DP an d’CSV hätten och Schwieregkeete mat den ambitionéierten Ziler vun den europäeschen Ëmweltverbänn, wéi deem vum Ausstig aus de fossillen Energien, heescht et an der Analys vum Mouvement Ecologique. D’CSV an d’Pirate gëllen dann als méi technologie-oppen. Si géingen zum Beispill d’Applikatioun vum Carbon capture, also fir CO2 ze späicheren, a Betruecht zéien.

Vun de Parteien, déi matgemaach hunn, gëtt d’CSV de Fuerderunge vum Mouvement Ecologique déi mannsten Zoustëmmung. “Déi markantsten Ënnerscheeder gëtt et mat enger CSV, déi zu enger Rei Fro gesot hunn, Nee, do ënnerstëtze mer net, wat de Mouvement Ecologique seet”, ënnersträicht d’Blanche Weber. De Prinzip vun der Fräiwëllegkeet a vun dem Pragmatismus géing fir d’CSV an d’DP eng grouss Roll spillen. Et wéilt ee méi op Ureizer wéi op kloer Reegelunge sëtzen.

Souzesoen eng Zensur fir déi aktuell EU-Deputéiert gouf da vu 5 groussen europäeschen Ëmweltverbänn ausgestallt. Bei dëser geet et ëm hiert Ofstëmmverhale bei Sujeten am Beräich vun der nohalteger Entwécklung. Am dacksten hir Zoustëmmung ginn, huet hei déi Deputéiert Tilly Metz (Déi Gréng mat 95,18 Prozent), dono de Marc Angel (LSAP, 82,24 Prozent), de Charel Goerens (DP, 64,46 Prozent), d’Monica Semedo (Onofhängeg, 55,97 Prozent), d’Martine Kemp (CSV, 35,15 Prozent), d’Isabelle Wiseler-Lima (CSV, 32,42 Prozent) an de Christophe Hansen (CSV, 28,24 Prozent).

Et hätt ee sech dës Kéier net fir eng Analys vun de Walprogrammer decidéiert, well dës héchst ënnerschiddlech wieren. Déi eng géinge méi an den Detail goe wéi anerer. Ausserdeem wieren d’Programmer dacks voll vu plakativen Aussoen, erkläert d’Presidentin vum Mouvement Ecologique.

Net op de Froebou geäntwert hu Volt Luxembourg, Fokus, Déi Konservativ, d’Fräiheetspartei, d’ADR an Zesummen d’Bréck. Mir d’Vollek ass zu der Conclusioun komm, dass de Froekatalog géing vun “falsche Viraussetzungen” ausgoen, an huet dowéinst net geäntwert. Dass d’Klimakris vun de Mënsche verursaacht wier, erkennt d’Partei net un.

Iwwert d’ADR heescht et am Rapport vum Mouvement Ecologique, dass ee wéinst villen Aussoe vun der Partei an der Chamber a Saachen Atomkraaft, Verbrennungsmotor oder och nach iwwer Méiglechkeete géint d’Klimakris virzegoen, kéint dovunner ausgoen, dass d’Noutwendegkeet fir eng ekologesch Transitioun vun der Partei net unerkannt géing ginn.

Back to Top
CIM LOGO