“Mir hu lo net erfaasst, ob dat wéinst der Gesetzesännerung war oder, ob si wéinst anere Grënn ugefaangen hunn, ze konsuméieren.” Dat seet d’Nadine Berndt, d’Cheffin vum Point Focal Luxembourgeois, dem nationalen Drogen-Observatoire vun der Santé.
Zanter Juli 2023 dierf ee jo bei sech doheem bis zu véier Cannabis-Planzen op Basis vu Som ubauen. Och ass de rekreative Konsum doheem erlaabt, wann ee groussjäreg ass. D’Gesetz gesäit och manner schwéier Strofe vir, wann een an der Ëffentlechkeet kleng Quantitéite bei sech huet oder consomméiert.
Wéi een Afloss huet dës Ouverture op de Cannabis-Konsum am Land? De Gesondheetsministère huet viru kuerzem eng éischt Bestandsopnam verëffentlecht.
46,5 Prozent vun de Residenten tëscht 18 a 64 Joer hunn op d’mannst eemol an hirem Liewe Cannabis fir rekreativ Zwecker consomméiert. 14,2 Prozent bannent de leschten 12 Deeg virun der ILRES-Enquête. Déi tëscht September an Oktober 2023 gemaach gouf. Ronn 8 Prozent vun de Konsumenten hate bannent deene leschten 30 Deeg Cannabis zou sech geholl. D’Zuele léiche liicht iwwer der europäescher Moyenne, wieren awer änlech wéi a Frankräich. Dat kéint och un der Enquête leien, déi op Invitatioun gemaach gouf, gëtt d’Nadine Berndt ze bedenken. Et géif een dovunner ausgoen, datt d’Leit déi matgemaach hätten, interesséiert wieren an och schonn Erfarunge mat Cannabis haten. “An et kann een och dovunner ausgoen, datt well d’Gesetz sech geännert huet, d’Leit méi oppen iwwer hire Konsum schwätzen.”
Virop Männer a Leit ënner 35 Joer konsuméieren
Ënnert de Konsumente si méi Männer a virop Leit ënner 35 Joer. Der Ëmfro no gëtt et keen Ënnerscheed tëscht Regiounen an Nationalitéiten. Bal 16 Prozent soen, si hätte réischt nodeems d’Gesetz gestëmmt gouf, déi éischte Kéier Cannabis geholl. 4,5 Prozent vun deenen, déi scho virdru consomméiert hu, soten si, géifen zanterhier méi Cannabis zou sech huelen.
“Et si Minoritéiten. Déi meescht hunn awer uginn, datt et onwarscheinlech ass, datt si an Zukunft wäerte méi konsuméieren”, seet d’Nadine Berndt. Och hunn déi meescht Leit uginn, datt et net méi warscheinlech wier, datt si lo no der partieller Legaliséierung mam Cannabis ufänke géifen.
Jugend- an Drogenhëllef observéiert Changement
Zanter der partieller Legaliséierung komme méi Leit wéinst problemateschem Cannabis-Konsum bei d’Jugend-an Drogenhëllef an d’Consultatioun. Fir d’Chargée de direction Ute Heinz eng positiv Entwécklung.
“Well ee sech, jee nodeem a wéi enger Positioun een ass, sech vläicht gesellschaftlech net traut ze soen, hei ech konsuméieren eng Drog, déi illegal ass. Ech mengen, datt et éischter mécht, datt d’Leit sech trauen sech ze manifestéieren, Hëllef ze froen, wat jo awer e positiven Effekt ass.”
Selwer Cannabis ubauen, dat hunn der ILRES-Enquête no am Hierscht 2023 just 11,5 Prozent vun de Konsumente gemaach. Déi meescht haten och net wëlles, selwer unzeplanzen.
Ob déi partiell Legaliséierung zu méi Konsum oder méi Ubau doheem féiert, kéint een haut nach net soen, ënnersträicht d’Cheffin vum nationalen Drogen-Observatoire vun der Santé. Dofir bräicht et weider Etüden. Dës sollen all dräi Joer gemaach ginn. An ënner anerem als Grondlag déngen, fir d’Preventioun a fir Recommandatioune fir deen zukünftegen Drogenaktiounsplang.