
Déi zweet Well ass do. D'Spideeler fëlle sech mat Covid-Patienten.
Bis ewell evoluéiert d'Zuel vun den Doudegen net staark no uewen, d'Patiente si méi jonk wéi am Mäerz a bei der Medikamenten-Therapie ass ee méi wäit ewéi am Ufank vun der Epidemie. Wann d'Zuelen awer weider sou evoluéieren hu mer e Problem, seet d'Cheffin vum Zerwiss vun den Infektiounskrankheeten am CHL.
De Pit Everling huet mat der Dokter Thérèse Staub geschwat.
Am Mäerz war de Virus en neit Phenomen an et wousst een net, wat fir Medikamenter géinge wierken a wat fir eng net. Et hätt een sech an enger éischter Phas op déi Traitementer fokusséiert, déi beim MERS-Virus gehollef hunn.
Mëttlerweil wier d'Wëssenschaft méi wäit. Hydroxychloroquin wier net de richtege Wee an d'HIV-Mëttel Caletra sollt och net eleng agesat ginn. Béides géing och net méi gemaach ginn, sou d'Infektiologin. Mëttlerweil kréie Leit déi schlëmm krank si proposéiert fir bei der Etüd „Discovery“ matzemaachen.

Dokter Thérèse Staub:De Kritär ass, datt et eng schwéier Form ass wou de Patient Sauerstoff braucht. Eng Méiglechkeet ass dann, datt d'Persoun Remdesevir kritt.
Remdesivir ass à la base en Anti-Ebola Mëttel. Alternativ gëtt eng präventiv Behandlung géint Trombosë gemaach, en Nieweneffekt vu Covid, deen am Ufank net esou bekannt war.

Wat entretemps geännert huet, ass datt bal all Patient d'Cortison-Medikament Dexamethason kritt. Eng brittesch Etüd hätt gewisen, datt d'Mortalitéit ka reduzéiert ginn. De groussen Duerchbroch gesäit d'Dokter Staub awer net an dësem Mëttel.
Dokter Thérèse Staub:Et ass kee Wonnermëttel. Et ass keen antiviraalt Medikament, mä et wierkt géint Entzündungen. Am Ufank ass de Virus-Traitement wichteg, dono gëtt géint d'Entzündunge gekämpft an do wierkt Dexamethason.
Remdesivir hätt iwwerdeems just en Effet op d'Dauer vun der Krankheet, net op d'Mortalitéit.
Am Centre Hospitalier kéimen awer och nach eng Partie aner Traitementer an den Asaz, déi sech an internationale Studie bewisen hunn.
D'Lëtzebuerger Zuele sinn ze héich an et gesäit net aus wéi wann et an de Spideeler manner géing ginn, bedauert d'Dokter Staub.
Dokter Thérèse Staub: Wann all Dag 100 Neiinfektioune bäikomme wësse mer, datt 10% vun dësen am Spidol landen.
Wann d'Zuelen net erof ginn hu mer a puer Woche vill Problemer. D'Prognose vun de Fuerscher si vläicht bëssen extrem, do geet ee vu 600 Infektiounen den Dag aus, dat hu mer den Ament zum Gléck net.
Et ass den Appell, datt d'Leit virsiichteg solle sinn, hir sozial Kontakter onbedéngt solle limitéieren an d'Krankheet net sollen ënnerschätzen.
Dokter Thérèse Staub: Et ass eng ganz schwéier Krankheet, et ass net just eng Gripp. Mir hunn den Ament zwéi Patienten déi op der Intensivstatioun waren an déi elo zeréck komm si bei eis, déi si 40 Joer al.
D'Zeltstruktur virun der Dier vum CHL gëtt iwwregens net wéi geplangt am August ofgebaut, mä si bleift stoen.