SchoulrentréeWéi eng Nationalitéiten d'Schüler an de Lycéeën hunn

RTL Lëtzebuerg
Mir hu beim Educatiounsministère nogefrot, ob ee Statistike vun den Nationalitéite vun de Schüler huet a krute vun hinnen d'Zuele vun der Rentrée 2023/24.

Meescht Schüler am Klassik

17.932 Jonker sinn dat lescht Joer an de Klassik (ESC - enseignement classique) gaangen, dat si ronn 39,5 Prozent vun all de Schüler a Schülerinnen. Kuckt ee sech déi Zuele méi genee un, gesäit een, datt ronn d’Hallschent vun hinnen (8.917) déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. 3.066 hunn eng Duebelnationalitéit, dorënner déi Lëtzebuergesch, a 5.949 hunn déi verschiddenst auslännesch Nationalitéiten.

Auslännesch Kanner maache knapp 40% am “Technique” aus

Reschent een all d’Zuele vum Enseignement général, also d’Classes inférieures a supérieures, zesummen, esou kann een erausliesen, datt 39,7 Prozent vun den am Ganze 17.400 Kanner an dësem Regime keng Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. 7.135 Schüler si Lëtzebuerger an 3.355 hunn d’Lëtzebuerger an eng weider Nationalitéit.

Bal 14 Prozent vun de Schüler maachen eng Beruffsausbildung

2.777 Jonker, déi dat lescht Joer eng Beruffsausbildung gemaach hunn, hu keng Lëtzebuerger Nationalitéit, 2.230 hu just déi Lëtzebuerger an 1.179 déi Lëtzebuerger an eng weider.

Net Lëtzebuerger op der “Voie de Préparation” an der Majoritéit

Am fréiere Modulaire sinn 3.866 Kanner ageschriwwen, ënnert hinnen 2.727 Kanner ouni Lëtzebuerger Carte d’identité. 814 Kanner hunn de Lëtzebuerger Pass an 350 en zweeten nieft deem vum Grand-Duché.

Wéi sinn déi eenzel Nationalitéite vertrueden?

An hirem Diagramm ënnerscheet de Ministère a véier Kategorien: Eng Kéier d’Kanner mat just der Lëtzebuerger Nationalitéit (lux1 - 19.096), dann d’Kanner mat der Lëtzebuerger an enger weiderer Nationalitéit (lux2 - 7.950), dann d’Kanner mat enger auslännescher Nationalitéit (autre1 - 17.710) an d’Kanner mat zwou auslänneschen Nationalitéiten (autre2 - 629). Am Artikel hu mer decidéiert, den autre1 an autre2 als eng Kategorie ze definéieren. Am Ganze si 45.385 Kanner ageschriwwen.

59 Kanner ginn doheem betreit

Weider hu mer beim Ministère d’Zuele vum Homeschooling ugefrot. 59 Kanner, déi den Alter hunn, fir an de Lycée ze goen, ginn doheem ënnerriicht. Fir d’Grondschoul sinn et 144 Kanner.

Back to Top
CIM LOGO