EM, Olympia a FestivallenWéi eng Reegele gëlle beim Verkaf vun Ticketen?

RTL Lëtzebuerg
D'Regierung warnt virun Onéierlechen, déi falsch Tickete fir ënnert anerem Concerten oder sportlech Eventer verkafen.
Symbolbild Concersticketen
Symbolbild Concersticketen
© AFP

“Duebel opgepasst, wann Dir online Tickete kaaft” - sou kann een d’Warnung vun der Regierung iwwerschreiwen, éier geschwënn d’Olympesch Summerspiller an d’EM ufänken an d’Festival-Saison och virun der Dier steet.

Sou mussen obligatoresch d’Verkeefer vun den Ticketen all essentiel Infoe matdeelen, wéi de Präis, d’Kategorie an de Placement am Sall oder dem Stadion. Och mussen all Fraise genee opgelëscht ginn, grad wéi d’Recht fir den Ticket zréckzeginn oder ze reklaméieren.

Och op Annulatiounsassurancen ass op ze passen, well dës dacks net dat halen, wat se verspriechen. Éier een en Ticket keeft, gëllt et och d’allgemeng Konditioune genee ze liesen an dës och ze verstoen. Wann en Event annuléiert gëtt, muss den Organisateur den Ticket integral rembourséieren. Wann eppes verluecht gëtt, besteet de Choix tëscht dem Remboursement oder dem Aléisen um neien Datum.

D’Konsumenteschutzministesch Martine Hansen réit dann och, all Ticketen nëmme via déi offiziell Sitten ze kafen, och wann d’Tentatioun grouss ass, fir dat op anere Sitten ze maachen. Op d’mannst leeft een dann net d’Gefor, gefälscht oder iwwerdeiert Ticketen ze kafen. Wann een zum Beispill en Ticket iwwert en net-offizielle Revendeur keeft, kritt een am Fall vun enger Annulatioun nëmmen den offizielle Präis zréck an et bleift een op de Méikäschte sëtzen.

Link: Dat ganzt Schreiwes vun der Regierung.

Back to Top
CIM LOGO