Den Educatiounsminister Claude Meisch huet an der Chamber Explikatioune ginn.
Zanter 2003 gëtt et e Gesetz, dat tëscht de private Schoule mat nationalem, an deene mat internationalem Programm ënnerscheet. Déi éischtgenannt ginn zu 90 Prozent subventionéiert, déi aner zu 40 Prozent, erkläert den DP-Minister Claude Meisch:
“Vun eenzele Privatschoule gëtt argumentéiert, datt well mir an eisen ëffentleche Schoulen international Programmer hunn, déi zum Deel déi nämmlecht sinn, wéi si se hunn, et gläich wier. Mir soen awer, datt e Lëtzebuerger Programm vun eise Programmkommissioune kënnt, dee mir developpéiert hunn, an net einfach an en anert Land akafe ginn oder bei e Prestataire. An do maache mer nach ëmmer den Ënnerscheed.”
Domat wier d’Demande vun där internationaler Privatschoul gekläert, fënnt och de Meris Sehovic vun déi Gréng, deen de Punkt op den Ordre du jour vun der Kommissioun setze gelooss hat. Donieft ass et awer och méi generell ëm de Budget fir d’Educatioun gaangen, wou manner op Spuere gesat gëtt, wéi an aneren Administratiounen:
“Vue datt d’Budgete vill mat der Unzuel vu Schüler a Schülerinnen ze dinn huet, an déi ginn zanter Joren an d’Luucht. Dofir war dem Minister no do net vill Spuerpotential do.”
De Claude Meisch huet präziséiert, datt et par rapport zu zejoert e Plus vun 13 Prozent am Budget ass, déi an den Educatiounsministère fléissen, dat si ronn 4 Milliarde vum Staatsbudget.