No den EU-WalenWéi ginn d'Reschtsëtz hei am Land verdeelt?

Fanny Kinsch
D'LSAP war grousse Gewënner vun den Europawalen hei am Land mat engem Plus vu ronn 10 Prozentpunkten.
No den EU-Walen: Wéi ginn d'Reschtsëtz hei am Land verdeelt?
D’LSAP war grousse Gewënner vun den Europawalen hei am Land mat engem Plus vu ronn 10 Prozentpunkten.

D’Sozialiste sinn domat just nach e gudde Prozentpunkt hannert der CSV op éischter Plaz. Trotzdeem krut d’CSV zwee Sëtz am Europaparlament, d’LSAP just een. Dat läit um Berechnungssystem, mat deem d’Reschtsëtz zu Lëtzebuerg verdeelt ginn.

Bei den Europawale goufen hei am Land 1.385.139 gülteg Stëmmen ofginn. Fir erauszefannen, wéi eng Partei wéi vill Sëtz kritt, muss een d’Zuel vu valabele Stëmmen duerch d’Zuel vu Sëtz, déi ze vergi sinn, plus 1 deelen. Domat kritt een déi sougenannte “Walzuel”, den “Nombre electoral”. Bei den Europawale war d’Walzuel 197.877. Dat ass d’Unzuel vu Stëmmen, déi eng Partei brauch fir ee Sëtz ze kréien. Bei dëse Walen hunn 3 Parteie genuch Stëmme kritt, fir direkt ee Sëtz ze kréien: d’LSAP, d’DP an d’CSV.

Dat heescht, datt 3 Sëtz iwwreg bleiwen. Déi ginn iwwert dat sougenannt “Reschtsëtzverfaren” verdeelt. Bei all Partei gëtt d’Zuel vu Stëmme gedeelt duerch d’Zuel u Sëtz, déi se kréien, plus 1. Also bei LSAP, DP an CSV duerch 2, bei allen aneren duerch 1. Deen, deen am noosten un d’Walzuel erukënnt, kritt deen éischte Reschtsëtz. Bei dësen Europawale goung den éischte Reschtsëtz mat engem Virsprong vun 106 Stëmmen un déi Gréng. Am zweetnoosten un deene ronn 200.000 Stëmmen, déi fir e Sëtz néideg waren, koum d’ADR. Si krut domat den 2. Reschtsëtz. Bleift nach ee Sëtz, an dee goung un d’CSV, déi am drëttnoosten un d’Walzuel erukoum.

Wéi vill Stëmmen d’LSAP vun engem zweete Sëtz – deen dann un d’Liz Braz gaange wier – getrennt hunn, kann een net sou einfach soen. Dat hänkt jo och dovunner of, wéi eng aner Parteie wéi vill Stëmme manner kritt hätten.

De Berechnungssystem, mat deem d’Sëtz zu Lëtzebuerg verdeelt ginn, hu mir iwwregens dem belsche Jurist Victor D’Hondt ze verdanken, dee sech fir e proportionelle Walsystem agesat huet an dat no him benannten D’Hondt-Verfaren am 19. Joerhonnert entwéckelt huet.

Back to Top
CIM LOGO