Summerseminär vum Ombudsman fir KannerWéi gutt gi Kannerrechter a Realitéit ëmgesat oder respektéiert?

Marlène Clement
Et ass mëttlerweil déi sechst Editioun vum Summerseminär vum OKAJU, wou et natierlech ëm d'Rechter vu Kanner gaangen ass.
© Marlène Clement / RTL

Wou sti mir haut bei de Kannerrechter a wéi gutt gi se a Realitéit ëmgesat oder respektéiert? Ënnert anerem mat deene Froe gouf sech wärend dräi Deeg um Summerseminär vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher beschäftegt. Den OKAJU hat den Acteuren aus dem Secteur d'lescht Woch Rendez-vous an der Chambre des Salariés zu Bouneweg ginn. Och déi Jonk selwer sinn zu Wuert komm.

OKAJU Summerseminär - Reportage Marlène Clement

Zanter dräi Joer sinn déi Jonk nämlech a Form vu sougenannte “Young Advisors” beim OKAJU representéiert. Déi elo 23 Joer jonk Natasha Lepage war selwer Young Advisor an ass elo Co-Coordinatrice vun deem Projet: "De Projet huet esou ugefaangen, datt mir Jonker tëschent 13 a 17 net nëmmen ëm hir Meenung froen, mee och datt déi Sujeten, déi hinne wichteg sinn, déi an hirem Alldag stattfannen, och kënne mat beschwätzen an eeben Deel vum Prozess ze sinn. Et ass extreem wichteg, datt mir och eng Plaz schafen an eng Participatioun, datt déi Jonk kënnen eeben net just eng Kéier dobäi sinn, mee wierklech fir de ganze Prozess."

Et ass mëttlerweil déi sechst Editioun vum Summerseminär vum OKAJU, dozou d'Coordinatrice Flore Schank:"A wat immens flott ass, et kënnt e ganz breede Public hei zesummen, souwuel aus dem edukative Secteur, formal an non-formal, aus dem Secteur vun der Justiz, aus dem sozialpedagogesche Secteur, aus dem Secteur vun der Medezin, et ass eigentlech e ganz villschichtege Public hei, et sinn och Studenten hei, et si jonk Mënschen hei, déi sech fir Kannerrechter interesséieren an déi kommen eigentlech hei zesummen a mir hunn all Joers verschidden Theemen, déi sech och aus eiser Aarbecht, aus dem Alldag eraus erginn."

Bei dëser Editioun stoung och de Schutz vun de Kanner am Fokus. Mat diskutéiert hunn och international Experten ewéi de Responsabel vum Family Lab France, déi sech mat der Fro vun der sougenannter "ordinärer edukativer Gewalt" beschäftegt:"On sait que, enfin, on a toujours su, que ces violences, elles faisaient mal. Sauf qu'on les a considérées comme des méthodes éducatives. La fessée, la punition, mise au coin, etc., les violences physiques, les violences verbales, qui faisaient partie du quotidien et qui font encore partie du quotidien de nombreuses enfants. Aujourd'hui, on sait, et les neurosciences viennent nous confirmer, que ces violences sont de véritables violences et qu'elles nuisent au développement de l'estime de soi, de l'enfant et à son épanouissement."

Et soll awer net just beim Echange tëscht den Acteure vum Terrain bleiwen. Den Input aus dem Seminaire gëtt an de Joresrapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher integréiert, esou datt déi Reflexiounen um Enn och de breede Public an déi politesch Responsabel erreechen.

Back to Top
CIM LOGO