
Bleiwen no Adam Riese also aacht Parteien iwwreg, déi et net op Stroossbuerg gepackt hunn. Nieft de Piraten an deene Lénken nach ganzer sechs Parteien, déi net an der Chamber vertruede sinn.
D’Monica Semedo ka Fokus net hëllefen
Am beschten huet vun deene Parteie respektiv Beweegunge Fokus ofgeschnidden. D’Partei ronderëm de fréieren CSV-President Frank Engel an déi fréier DP-EU-Deputéiert Monica Semedo krut 1,6 Prozent. Dat entsprécht 22.222 Stëmmen. Bei den Europawalen 2019 hat et d’Partei nach net ginn. Am Verglach mat de Chamberwale vum leschte Joer huet ee méi schlecht ofgeschnidden. Am Oktober haten nach 2,49 Prozent vun de Wieler hiert Kräiz bei Fokus gemaach. Wann een déi perséinlech Resultater vun deenen zwee Spëtzekandidate kuckt, da konnt sech de Frank Engel, dee bei de Chamberwalen am Zentrum ugetruede war, vu 7.134 op 8.562 landeswäit verbesseren. D’Monica Semedo war 2019 fir d’DP mat an d’Europawalen. Deemools krut si 50.890 Stëmmen, dës Kéier waren et der nach 4.856.
Volt verléiert bal d’Hallschent vun de Stëmmen
Och nach méi wéi 1 Prozent krut déi paneuropäesch Partei Volt. Si kommen um Enn op 1,04 Prozent respektiv 14.348 Votten. Dat sinn der 1,07 manner wéi nach viru fënnef Joer. Vun deene sechs Kandidaten, déi dëst Joer ugetruede sinn, war just den Daniel Silva schonn 2019 mat derbäi. Hie konnt sech zwar op der Lëscht vun der véierter op déi zweet Plaz verbesseren, ma säi Resultat huet sech awer vu 4.040 op 2.490 Stëmme verschlechtert. Par rapport zu de Chamberwalen d’lescht Joer ass et par contre eng kloer Verbesserung. Am Oktober goufen an de Bezierker Osten a Süde just 7.001 Stëmme respektiv 0,19 Prozent.
D’KPL mat schlechtstem Resultat vun hirer Geschicht
D’KPL krut nach 0,97 Prozent respektiv 13.368 Stëmmen. 2019 hat een nach 1,14 Prozent erreecht. Et ass dat schlechtste Resultat, dat déi kommunistesch Partei, déi 1921 gegrënnt gouf, jee bei Europawalen agefuer huet. De Spëtzekandidat Ali Ruckert koum op 3.847 Stëmmen, viru fënnef Joer waren et der nach 4.850. Vun deene ganz klenge Parteien ass d’KPL déi eenzeg, déi op lokalem Niveau ee Mandat huet. Den Edmond Peiffer sëtzt zu Rëmeleng am Gemengerot.
“Mir d’Vollek” mat iwwerschaubarem Wielervollek
Hannert der KPL lant d’Beweegung “Mir d’Vollek”. Dat mat 11.838 Stëmme respektiv 0,85 Prozent. “Mir d’Vollek” war bis dohi just bei de Gemengewalen 2023 an der Stad mat enger onkompletter Lëscht vu 14 Kandidaten ugetrueden an hat do 0,97 Prozent vun de Stëmme kritt. Bei den Europawale konnt de Jean-Marie Jacoby mat 2.808 Stëmmen am beschten ofschneiden. Är hien d’Beweegung zesumme mam Peter Freitag, mat deem hie Protester géint déi sanitär Mesurë wärend der Corona-Pandemie organiséiert huet an dee mat 1.914 Stëmmen op déi drëtte Plaz komm ass, gegrënnt hat, war de Jean-Marie Jacoby Member vun der KPL. 2018 war hie bei de Chamberwalen am Zentrum ugetrueden an hat deemools 940 Stëmme kritt.
Déi Konservativ mat liichtem Zouwuess
Op déi zweetlescht Plaz sinn déi Konservativ komm. D’Fräiheetspartei, wéi se sech selwer nennt, krut 8.044 Stëmme respektiv 0,58 Prozent. Dat ass minimal méi wéi 2019, deemools war ee bei 0,53 Prozent gelant. De Grënner a Spëtzekandidat vun der Partei, Joe Thein, ass zwar rëm op déi éischt Plaz vun der Lëscht komm, krut mat 1.899 Stëmmen awer liicht manner wéi viru fënnef Joer, deemools waren et der 1.957. Vun 2008 bis 2017 war de Joe Thein Member bei der ADR. Vun 2015 bis 2017 war hien donieft President vun der Jugendorganisatioun ADRenalin. Tëscht 2011 an 2017 souz hien zu Péiteng am Gemengerot. Déi längsten Zäit dovunner fir d’ADR, zum Schluss du fir déi Konservativ. Hie gouf 2017 wéinst engem Facebook-Post iwwert den deemolegen Ausseminister Jean Asselborn aus der ADR ausgeschloss.
“Zesummen - d’Bréck” op der leschter Plaz
Nach manner Stëmme krut just nach “Zesummen - d’Bréck”. Dobäi handelt et sech ëm een Zesummeschloss vun der Partei “Zesummen” an der Vereenegung “d’Bréck”, déi sech virun allem d’Diversitéit op de Fändel geschriwwen huet. Um Enn stinn 0,45 Prozent respektiv 6.172 Stëmmen zu Buch. Et waren déi éischt Wale fir d’Formatioun ronderëm de President David Foka. Mat 1.910 Stëmme gouf de fréiere Member vun der LSAP an deene Gréngen dann och am beschte gewielt. Mam Alexandre Chateau-Ducos huet een dee Kandidat an den eegene Reien, dee landeswäit am mannste Stëmme krut, nämlech 707.
Vill Satir, wéineg Ënnerschrëften
Am Fong wollt mat der Satirepartei “d’PARTEI” nach eng 14. Lëscht bei de Wale matmaachen, mee et hat een de Seuil vun 250 Ënnerschrëften net erreecht. Um Enn ware just 174 Ënnerschrëften zesummekomm.