Lëtzebuerger Tourismus-SommetWéi kann een d'Reese méi nohalteg gestalten? Wéi eng Roll fir d'KI?

Annick Goerens
Wéi soll den Tourismus vu muer ausgesinn? Dorëms goung et en Donneschdeg um Lëtzebuerger Tourismus-Sommet, organiséiert vum LCTO.
Lëtzebuerger Tourismus-Sommet
Wéi soll den Tourismus vun Muer ausgesinn? Dorëms goung et een Donneschdeg um Lëtzebuerger Tourismus-Sommet.

KI kann zum Beispill bestëmmt Prozesser méi séier a bequeem maachen, d’Kommunikatioun a senger Mammesprooch iwwerall op der Welt erméiglechen oder carrement een Trip selwer organiséieren. D’Méiglechkeete klammen exponentiell, erkläert d’Antje Voss, Directrice vum LCTO.

“Eng vun eise Missiounen am LCTO ass et dofir, Impulser ze setzen an genee dat maache mir hei. Aner Destinatiounen notze scho ganz vill KI am Tourismus. A mir sinn och an engem Programm derbäi, wou 60 Destinatioune mat maachen, fir ze kucken, wéi mer KI kënnen an den Tourismus integréieren. Wat sinn d’Risiken? A wéi kënne mir hëllefen?”

Den Tourismus ännert sech, d’Welt gëtt ëmmer méi widderspréchlech, erkläert de bekannte Wëssenschafts-Journalist Ranga Yogeshwar, deen och e Virtrag gehalen huet. D’Leit wëlle méi Nohaltegkeet, gläichzäiteg géingen awer och ëmmer méi grouss auslännesch Appen wéi Booking oder AirBnB de Marché komplett dominéieren.

“Also op der enger Säit notze mer d’Technologie an op der anerer Säit wëlle mer och d’Soen hunn, wou mer se net hunn. Mir hunn fantastesch Appen, awer wann et ëm d’Iesse geet, da wëlle mer genee wëssen, vu wou dass d’Iesse kënnt, also natierlech an ouni Konservéierungsstoffer. An änlech wäert et och am Tourismus sinn. Dat heescht, mir wäerten och soen, “et muss net alles technologesch sinn, et muss authentesch sinn.” Wann d’Leit mech froen, wat d’Zukunft vum Lëtzebuerger Tourismus ass, da soen ech ëmmer: Kachkéis. Dat ass authentesch.”

Stéchwuert Nohaltegkeet. Do missten all d’Acteuren un engem Strang zéien. Een Hotel eleng géing net duergoen. D’Leit géinge meeschtens punkto Nohaltegkeet just un Standard-Saachen denken, wéi d’Handduch am Hotelszëmmer, sou den Ranga Yogeshwar. Also wann d’Handduch net um Buedem läit, dann gëtt et net ausgetosch.

“Ech mengen, et ass awer méi eng Fro vun enger Kultur, déi net nëmmen beim Hotel ass, mee déi iwwerall spierbar ass. Also een nohaltegen Hotel an enger net-nohalteger Stad: dat ass eng Diskrepanz, déi jidderee mierkt.”

Effektiv wier nohaltegen Tourismus eng Responsabilitéit, déi een zesumme misst huelen, seet och de François Koepp, Member vum Verwaltungsrot vum LCTO. De Staat an d’Stad Lëtzebuerg missten zesummen mat all den Acteure kucken, wéi ee sech op déi richteg Schinn kéint setzen.

Back to Top
CIM LOGO