Ma wéi sinn déi Adaptatiounen iwwerhaapt ze erklären? U wat mécht sech de Präis vum Drénk- an Ofwaasser fest?
De Präis vum Waasser setzt sech aus verschidde Komponenten zesummen. Den Direkter vum Stauséi-Syndikat SEBES Georges Kraus erkläert, wéi et beim Drénkwaasser ass:
“Aus dem Amortissement bei eis, dat si ronn 45 Prozent, dann d’Taxe de prelèvement 5 Prozent, d’Personalkäschte si mer bei 25 Prozent, also ee Véierel, an dann nach 15 Prozent Fonctionnementskäschten, wat mir brauchen, fir ze funktionéieren.”
Déi allgemeng Präisentwécklung, genee wéi d’Hausse vun de Stroumpräisser haten och en Impakt op d’Waasserpräisser:
“Elo huet sech d’Situatioun e bësse berouegt. Elo ass de Präis schonn ënner 20 Cent de Kubikmeter. Dat huet scho ganz vill ausgemaach bei eisem Waasserpräis, dee mer hunn. Dat huet ee Moment 2023 bis zu 41 Cent de Kubikmeter ausgemaach.”
De Präis pro Kubikmeter Drénkwaasser huet sech zanter 2021 praktesch verduebelt a louch zejoert bei zwee Euro. Beim Ofwaasser läit de Präis bei 2,30 Euro pro Kubikmeter. E Präis, deen awer an den nächste Jore wäert klammen, en Vue vun deem, wat nach gebaut gëtt. D’Gemenge rechne beim Drénk- an Ofwaasser dann nach hir Infrastrukturkäschten dobäi. De Roland Schaack vum Syndikat SIDEN erkläert, datt et do virun allem tëscht de ländlechen an urbanen Gemenge grouss Ënnerscheeder ginn:
“Bei de ländleche Gemengen ass et ganz oft d’Unzuel vun den Anlagen, déi mer brauchen. Mir hu Gemengen, déi hunn an déi 50 Bauwierker, fir d’Aufgab vum Ofwaasser ze bewältegen. Woubäi aner Gemengen nëmmen ee Bauwierk oder zwee Bauwierker brauchen. Dat ass emol een Haaptpunkt. Dat ass natierlech e Käschtepunkt. Et muss een dat finanzéieren. Et muss een dat amortiséieren. Eng aner Präishausse ass natierlech d’Problematik vum Stroum, also wat d’Energie ugeet. Do hu mer an deenen zwou Krise souwuel mat der Pandemie wéi och mam Ukrainkrich gemierkt, datt eis Stroumpräisser och an d’Luucht gaange sinn. Mir haten elo am ländleche Beräich eng Evolutioun vum Facteur sechs, dat heescht sechs Mol méi Stroumkäschten iwwert ee Joer wéi dat Joer virdrun nach.”
Bei enger Gemeng mat ville klengen Uertschaften an dowéinst och ville Verbindungsleitunge géifen d’Präisser an Zukunft extreem evoluéieren:
“An do hu mir Präisser, déi wäit iwwert den Duerchschnëtt ginn a mir leien am Moment bei enger Präiskonstellatioun vu 4.50€ pro Kubikmeter national an déi Gemengen do, déi leie bei ronn 12 Euro de Kubikmeter.”
D’Präisser variéieren also vu Gemeng zu Gemeng an sinn duerch ënnerschiddlech Facteure bestëmmt. De Präis, deen d’Gemeng um Enn dem Konsument berechent, muss dem Gesetz no käschtendeckend sinn an dofir musse verschidde Stéit an Zukunft eben och méi bezuelen wéi anerer.
An engem Reportage den Owend am Journal op der Tëlee ginn et weider Detailer an och e konkret Beispill vun enger Gemeng aus dem Süden.