
Et gouf jo um Geriicht festgehalen, dass et net zu enger Reduktioun an net zu enger Erhéijung vum Loyer fir eng Wunneng um Lampertsbierg komme sollt. De Lokatär wollt manner bezuelen, iwwerdeems de Proprietär méi wollt kréien.
D'schrëftlecht Urteel, dat eis an der Tëschenzäit virläit, weist - mat vill Zuelematerial -, wéi et zu deem salomonesche Verdikt koum. „En vue“ dovun hat en Expert, deen am Januar ëm säi Rot gefrot gi war, de leschte Mount säi Rapport virgeluecht.
Dora gouf festgehalen, dass de Loyer vum Appartement vun engen 90m2 u sech op 1.825 € festzeleeë wär. Den aktuelle Wäert vum Immeubel, an deem d'Wunneng ass, gouf op bal 3 Milliounen an dee vum Appartement op 787.000 € geschat. Den Immeubel vun 1957 wär mat, deemools, ronn 50.000 € an den Terrain mat eppes méi wéi 11.500 € unzeschloen, wat enger Gesamtvaleur vu bal 61.800 € gläichkënnt. No enger neier Aschätzung vum investéierte Kapital, minus den Terrain an den Ofschlag duerch den Alter, kéim een op liicht iwwer 48.500 €. D'Investissementer, am Joer 2010, vum Proprietär hätte ronn 15.600 € ausgemaach. Wann de Joresloyer net 5% vum investéierte Kapital iwwerschreiden dierft, léich de maximale Loyer pro Mount bei 268 €.
Fir de Riichter variéiere souwuel de maximale Loyer wéi och de Wäert vum Appartement ganz staark. D'Loyerskommissioun oder de Friddensriichter kéinten d'investéiert Kapital festleeën, andeems se de Wäert vum Terrain, de Volume vum verlounten Immeubel, dee vun der verlounter Surface, d'Qualitéit vum Equipement, vum Ënnerhalts- a Reparatiounszoustand a vun der Finitioun vun der Wunneng a Betruecht zéie géifen.
D'Zomm vu 787.000 € géif dem aktuelle Maartwäert vum Appartement entspriechen, soudass de Loyer also net iwwer ronn 3.280 € erausgoe kéint. Well eng änlech Wunneng an därselwechter Residence am Abrëll zejoert fir 1.600 € verlount gouf, wär en adequate Loyer an dësem Fall ee vu 1.650 €. Déi entspriechend Hausse hätt den 1. Februar ulafe sollen: Well eng Erhéijung virum Hannergrond vum Coronavirus awer verbueden ass, wär keng ze spriechen, soudass de Riichter weder der Demande no enger Reduktioun, nach där no enger Erhéijung vum Loyer nokomme kéint.