
Méiglech mécht dat den Detour iwwer Lëtzebuerg, méi genau iwwert eng Lëtzebuerger Bank.
Dës Affär geet zeréck op d‘Joren tëscht 2005 an 2015. Eleng an där Zäit solle méi wéi 500 Milliounen Dollar iwwert Konte bei der BIL gefloss sinn. Dat geet op d‘mannst aus Dokumenter ervir, déi als Beweiser bei engem Prozess zu London genotzt goufen. Als éischt doriwwer geschriwwen huet zu Lëtzebuerg d‘Wochenzeitung “Lëtzebuerger Land”, déi mat aneren internationale Medien op dëser Recherche zesummegeschafft huet.
Schlësselpersoun, déi dat alles méiglech gemaach huet, ass de Khagani Bashirov. Hien huet fir de fréiere President vun der International Bank of Azerbaijan, Jahangir Hajiyev, geschafft, deen antëscht am Prisong sëtzt, well hie méi wéi 3,5 Milliarden Dollar vun där Bank geklaut huet, déi hie gefouert huet.
De Khagani Bashirov huet ënnert anerem déi néideg Entreprisen am Grand-Duché gegrënnt, fir dës Konte bei der BIL opzemaachen. Am Joer 2020 gouf d‘BIL dann och scho vun der Lëtzebuerger Finanzopsiicht CSSF mat enger Strof vu 4,6 Milliounen Euro sanktionéiert, well si net genuch gemaach huet, fir géint Blanchiment virzegoen.
Donieft huet de Khagani Bahirov zu Lëtzebuerg eng kulturell Associatioun gegrënnt a war involvéiert an d‘Opbaue vun enger lëtzebuergesch-aserbaidschanescher Chambre de commerce. Iwwerhaapt soll hien hei am Land immens gutt vernetzt gewiescht sinn a reegelméisseg Politiker an Diplomate vum Land frequentéiert hunn.
Zu Lëtzebuerg gëtt zanter 2019 géint de Khagani Bashirov enquêtéiert. Am Oktober ass hien ënnert anerem wéinst Blanchiment ugeklot ginn. Bis en Urteel gesprach ass, gëllt d‘Presomption d‘innocence.