Fuesent 2025 Wéi sécher an nohalteg sinn d'Kavalkaden?

RTL Lëtzebuerg
E Sonndegmëtteg ass den Optakt vun enger ganzer Rei Kavalkaden uechter d'Land.
© Ketty a Rom Hankes

Lass geet et mat der traditioneller Dikrecher Kavalkad. Am Ganze ginn et der dëst Joer néng. D’Preparatioune lafen iwwerall op Héichtouren. Ma wéi gesäit et iwwerhaapt mat der Sécherheet a mat der Nohaltegkeet op de Kavalkaden aus?

Wéi sécher an nohalteg sinn d’Kavalkaden? / Marlène Clement

An Däitschland goufen d’Sécherheetsmesuren an den Héichbuerge vun der Fuesent, a virun allem zu Köln, dëst Joer nees verschäerft. Dat nodeems d’Terrormiliz IS virun e puer Deeg mat méiglechen Attacke gedreet hat. Zu Lëtzebuerg ginn et aktuell keng esou Menacen. Ma schonn an de leschte Jore wieren d’Sécherheetsmesuren op de Kavalkaden däitlech verschäerft ginn, erkläert de President vun der Schëfflenger Kavalkad, Scott Kries:

“Do gi vill Reunioune gemaach, do gëtt wierklech alles analyséiert. Zemools eis Police mécht do Analysen. Déi hunn, mam CGDIS zesummen, mat eis, mat der Gemeng zesummen, déi gréisst wierklech méiglechst Mesurë geholl, fir all Risiko esou wäit wéi méiglech ze minimiséieren.”

Ganz gutt opgestallt a punkto Sécherheet wier een och zu Dikrech, esou de Claude Wanderscheid vum Organisatiounscomité vun der Dikrecher Kavalkad:

“Engersäits hu mer Barrièren do stoen, mir hu Betongsbléck a gewësse Strooss stoen an aner Stroosse ginn einfach mam Camion ofgeséchert, dass do och den Accès fir d’Rettungsdéngschter dann och ka séier garantéiert ginn.”

Mam neien Offallgesetz, dat viru gutt zwee Joer a Kraaft getrueden ass, sinn och d’Oplagen a punkto Nohaltegkeet fir grouss Evenementer méi streng ginn. Ee Problem wier dat net, fënnt de Scott Kries, deen d’Schëfflenger Kavalkad zanter 27 Joer matorganiséiert. Zanter fënnef Joer scho gëtt zu Schëffleng zum Beispill kee Konfetti méi vun de Ween geheit.

“Mir hunn och e bëssen Zweiwel gehat, sinn ech éierlech, mee mir hunn awer gemierkt mat enger Analys, kee Konfetti heescht net kee Spaass, dass d’Leit awer hire Spaass hunn.”

Och fir d’Dikrecher Kavalkad e Sonndeg sti schonns 80.000 reutilisabel Bechere prett. D’Organisateuren hoffen, datt genee wéi d’lescht Joer, nees eng 34.000 Visiteuren de Wee an d’Ieselstad fannen.

Back to Top
CIM LOGO