Wien awer mat engem Meeschterbréif als Chargé d’éducation agestallt gëtt, fillt sech wéineg valoriséiert.An zwar well de Meeschterbréif net wierklech unerkannt gëtt.
De Jean-Claude Castellucci ass zanter 8 Joer als Chargé agestallt a bekëmmert sech ëm den elektreschen Atelier. Virdrunner huet hien 10 Joer bei Arcelor Mittal geschafft. Am Privatsecteur wier de Meeschterbréif wichteg, fir kënnen opzesteigen.
Ma beim Staat wier dat awer anescht. Et brauch een de Meeschterbréif wuel fir dierfen z’enseignéieren, ma an der Karriär kéim een awer net weider, esou den ausgebilten Elektriker an Chargé.
D’Karriär ass an dësem Fall de sougenannten B1. De “Brevet de Maîtrise” gëtt fir z’enseignéieren explizitt gefrot. Ma an der nämmlechter Karriär ginn awer och Leit agestallt, zum Beispill mat engem Premièresdiplom, déi also keng Qualifikatioun hunn, bedauert d’Associatioun vun de Chargéen:
De Luc Wildanger, President vun der ACEN:
An der B1-Karrière ass nämlech tëscht dem Schoulofschloss, wéi dem Premièresexamen, bis de Bachelor alles dobäi. Do wier et besser gewiescht, Ënnerscheeder tëscht de verschiddene Qualifikatioune virzegesinn.
De Meeschterbréif wier bei der Reform an der Fonction Publique 2015 awer wuel einfach vergiess ginn, wat net onbedéngt fir d’Valorisatioun vum Handwierk schwätzt. D’ACEN fuerdert dowéinst eng Diplom-Unerkennung vum Meeschterbréif.
D’Valorisatioun vum Handwierk soll sech nämlech duerch all d’Beräicher zéien. An och schonn an der Schoul ufänken. An der Klass vum Jean-Claude Castellucci sinn déi Jonk frou, dass si scho fréi fir d’Handwierk motivéiert goufen. Schonn an der Schoul wieren Handwierksberuffer virgestallt ginn. Och als gutt Beruffer, déi vill géinge gesicht ginn.
Méiglechkeeten opweisen a fir de Beruff vum Elektriker motivéieren, dat dreift och de Jean-Claude Castellucci un.