
D’Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung ALVA deelt mat, datt tëscht leschtem an dësem Mëttwoch 112 weider Déiere positiv op d’Blo-Zonge-Kränkt getest goufen. Ausserdeem wier d’Krankheet a weider 30 Betriber duerch Labo-Analysen nogewise ginn.
Domat sinn am Grand-Duché am Ganzen 995 Déieren, dorënner 844 Ranner, 141 Schof, 8 Geessen an zwee Alpakas, infizéiert, dat a mëttlerweil am ganzen 416 Betriber.
Am Verglach zu der Woch vum 9. bis de 15. September ass d’Stierflechkeet an der leschter Woch bei de Schof liicht zeréckgaangen, wärend se bei de Ranner vergläichbar bliwwen ass, deelt d’ALVA mat. Déierebesëtzer, déi eng erhéicht Stierflechkeet an hirem Bestand bemierken, sollen dat der Verwaltung iwwer dëse Formulaire matdeelen.
D’Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung rappelléiert iwwerdeem, datt nach Impfdosisse géint d’Kränkt do sinn. Vun am Ganzen 240.000 goufen der bis ewell knapp 94.300 un d’Veterinäre verdeelt.