Iwwer 1.190 InfektiounenWeider 132 Déiere mat Blo-Zonge-Kränkt ugestach

RTL Lëtzebuerg
Nach ëmmer stieche sech zu Lëtzebuerg Déiere mat der Blo-Zonge-Kränkt un. Ganzer 1.193 Déieren a 445 Betriber konnt d'Krankheet nogewise ginn.
© Envato Bilanol

D’Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung ALVA deelt e Mëttwoch mat, datt bannent der leschter Woch 132 weider Déiere positiv op d’Blo-Zonge-Kränkt getest goufen. Ausserdeem wier d’Krankheet a weider 13 Betriber duerch Labo-Analysen nogewise ginn.

Domat sinn am Grand-Duché am Ganzen 1.193 Déieren, dorënner 1.042 Ranner, 141 Schof, 8 Geessen an 2 Alpakaen, infizéiert.

D’ALVA huet doriwwer eraus am August dëst Joer bei Ranner a Schof eng erhéicht Mortalitéit par rapport zu 2023 constatéiert. Déierebesëtzer, déi eng erhéicht Stierflechkeet an hirem Bestand bemierken, sollen dat der Verwaltung iwwer dëse Formulaire matdeelen.

Am Verglach mat der Woch vum 23. bis den 29. September ass d’Mortalitéit bei Schof an der Woch vum 30. September bis de 6. Oktober liicht geklommen. Bei Béischten ass se an deem Zäitraum ëm 25% zeréck gaangen.

D’Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung rappeléiert iwwerdeem, datt nach Impfdosisse géint d’Kränkt do sinn. Vun am Ganzen 240.000 goufen der bis ewell knapp 95.750 un d’Veterinäre verdeelt.

© ALVA

Link: Dat ganzt Schreiwes vun der ALVA zu den aktuellen Zuelen.

Back to Top
CIM LOGO