Iwwer 1.300 InfektiounenWeider 50 Déiere mat Blo-Zonge-Kränkt ugestach

RTL Lëtzebuerg
Nach ëmmer stieche sech zu Lëtzebuerg Déiere mat der Blo-Zonge-Kränkt un. Ganzer 1.380 Déieren a 488 Betriber konnt d'Krankheet nogewise ginn.
© Envato YuriArcursPeopleimages

D’Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung ALVA deelt en Dënschdeg mat, datt bannent der leschter Woch 50 weider Déiere positiv op d’Blo-Zonge-Kränkt getest goufen. Ausserdeem wier d’Krankheet a weideren 14 Betriber duerch Labo-Analysen nogewise ginn.

Domat sinn am Grand-Duché am Ganzen 1.380 Déieren, dorënner 1.228 Ranner, 142 Schof, 8 Geessen an 2 Alpakaen, infizéiert.

Déierebesëtzer, déi eng erhéicht Stierflechkeet an hirem Bestand bemierken, sollen dat der Verwaltung iwwer dëse Formulaire matdeelen.

D’Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung ënnert iwwerdeem dorun, datt nach Impfdosisse géint d’Kränkt do sinn. Vun am Ganzen 240.000 goufen der bis ewell knapp 96.950 un d’Veterinäre verdeelt.

Back to Top
CIM LOGO