
D’Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung ALVA deelt e Mëttwoch mat, datt bannent der leschter Woch 86 weider Déiere positiv op d’Blo-Zonge-Kränkt getest goufen. Ausserdeem wier d’Krankheet a weideren 18 Betriber duerch Labo-Analysen nogewise ginn.
Domat sinn am Grand-Duché am Ganzen 1.313 Déieren, dorënner 1.067 Ranner, 141 Schof, 8 Geessen an 2 Alpakaen, infizéiert.
Déierebesëtzer, déi eng erhéicht Stierflechkeet an hirem Bestand bemierken, sollen dat der Verwaltung iwwer dëse Formulaire matdeelen.
D’Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung ënnert iwwerdeem dorun, datt nach Impfdosisse géint d’Kränkt do sinn. Vun am Ganzen 240.000 goufen der bis ewell knapp 96.500 un d’Veterinäre verdeelt.