Bal 900 Déieren infizéiertWeider 98 Déiere mat Blo-Zonge-Kränkt ugestach

RTL Lëtzebuerg
Nach ëmmer stieche sech zu Lëtzebuerg Déiere mat der Blo-Zonge-Kränkt un. Bei ganzer 883 Déieren an 386 Betriber konnt d'Krankheet nogewise ginn.
© Envato Bilanol

D’Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung ALVA deelt e Mëttwoch mat, datt bannent der leschter Woch 98 weider Déiere positiv op d’Blo-Zonge-Kränkt getest goufen. Ausserdeem wier d’Krankheet a weider 26 Betriber duerch Labo-Analysen nogewise ginn.

Domat sinn am Grand-Duché am Ganzen 883 Déieren, dorënner 734 Ranner, 140 Schof, 8 Geessen an 1 Alpaka, infizéiert, dat an 386 Betriber.

D’ALVA huet doriwwer eraus am August dëst Joer bei Ranner a Schof eng erhéicht Mortalitéit par rapport zu 2023 constatéiert. Déierebesëtzer, déi eng erhéicht Stierflechkeet an hirem Bestand bemierken, sollen dat der Verwaltung iwwer dëse Formulaire matdeelen.

D’Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung rappelléiert iwwerdeem, datt nach Impfdosisse géint d’Kränkt do sinn. Vun am Ganzen 240.000 goufen der bis ewell knapp 91.300 un d’Veterinäre verdeelt.

© ALVA

Link: Dat ganzt Schreiwes vun der ALVA zu den aktuellen Zuelen.

Back to Top
CIM LOGO