
De Rapport vum DP-Fraktiounschef Gilles Baum gëtt e Méindeg ugeholl, wann d’Suggestioune vum Staatsrot an den Text integréiert goufen.
Och e Freideg war d’Chamber-Spezialkommissioun Tripartite beieneen an huet e weidere Gesetzesprojet ugeholl, deen zwou Energie-Subventioune fir Betriber virgesäit.
Eng vun den Hëllefe viséiert Betriber, déi vill Gas a Stroum fir hir Produktioun brauchen, wéi grouss Bäckerei-Betriber oder d’Stolindustrie. Dës Firme kënne mat bis zu 50 Milliounen Euro gehollef kréien.
D’Subventioun leeft bis Enn vum Joer.
Eng zweet Hëllef betrëfft d’Transportbetriber, déi duerch den Diesel-Präis massiv impaktéiert sinn - dës Subventioun ka bis zu 400.000 Euro ausmaachen.
Alles an allem wëll de Staat de Betriber mat engen 225 Milliounen zur Säit stoen, fir d’héich Energiepräisser zum Deel ofzefiederen.
Och vun dësem Gesetzesprojet ass de Gilles Baum de Rapporter.