Däitschen Expert fuerdertWéinst KI muss de Bildungssystem nei geduecht ginn

Marc Hoscheid
Et gëtt keng Schoul, an där kënschtlech Intelligenz nach net ukomm ass, dovunner ass de Pavle Madzirov, Expert fir den Asaz vu KI a Schoulen, iwwerzeegt.
© AFP/Archiv/Marco BERTORELLO

KI an der Schoul (Reportage Marc Hoscheid

No der Première d’lescht Joer organiséiert den Educatiounsministère och dëst Joer nees d’Konferenz EduTrends am Kinepolis um Kierchbierg, bei där sech alles ëm d’Digitaliséierung am Schoulsystem dréint. Geet et nom Haaptriedner vun der Konferenz, dem Pavle Madzirov, géife virun allem déi eeler Schüler ëmmer méi dacks KI asetzen, fir Aufgaben ze léisen. Problematesch wier virun allem, datt et aktuell keng iwwergräifend Reegele fir den Ëmgang mat KI géinge ginn. Dat misst sech dréngend änneren.

“Umfragen zeigen deutlich, dass bereits über 80 Prozent der Schülerschaft KI nutzt. Aber die meisten sagen auch, ob wir es benutzen dürfen oder nicht. Bei den meisten Schulen ist es gar kein Thema oder es ist vom Lehrer abhängig, der eine erlaubt es, der andere widerum gar nicht. Und wir müssen dieses Chaos, dieses Wildwest das gerade da ist, müssen wir jetzt langsam in Strukturen überführen, bei aller Begeisterung. Wir müssen uns diese Zeit nehmen, um es in vernünftige Bahnen zu lenken”, sou de Madzirov.

Et wier och net einfach domadder gedoen, ee speziellt Schoulfach fir den Ëmgank mat kënschtlecher Intelligenz anzeféieren. Et bräicht vill méi ee globalen Usaz:

“Ob ein Schüler jetzt Deutsch, Französisch oder Mathe hat, ist der KI völlig egal, sie begleitet ihn durch jeden Prozess. Wir müssen fächerübergreifend denken. Wir müssen neue Aufgabenformate bieten. Weil wenn Sie ein klassisches Aufgabenformat haben, das durch eine KI in Sekunden zu lösen ist, dann fragen die Kinder zurecht: warum soll ich das dann lernen, wenn die KI das doch in einer Sekunde gemacht hat? Es liegt am Bildungssystem, an jedem Lehrer, an jeder Schulleitung, Bildung neu zu denken.”

Hien hätt och duerchaus den Androck, datt vill Enseignanten oppen dofir wieren, well se selwer schonn Erfarunge mat KI gemaach hätten. Et géing drëms goen, déi sou anzesetzen, datt d’Enseignanten um Enn méi Zäit fir den direkte Kontakt mat de Schüler hunn. Lëtzebuerg wier iwwerdeems am Verglach mat Däitschland gutt opgestallt. Déi éischt Schoulen hätte schonn eege KI-Plattformen. Hie géing am Grand-Duché eng Opbrochstëmmung spieren. An déi bräicht et och, well et dierft ee keen derzou zwéngen, mat kënschtlecher Intelligenz ze schaffen.

Back to Top
CIM LOGO