Luxair confirméiertWéinst Problemer a Portugal konnt Vol op Barcelona net wéi geplangt starten

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet e Fluch vun der Luxair, deen op Porto sollt goen, op Lissabon missten ëmgeleet ginn. Dëst hat verschidde Repercussiounen.
© Domingos Oliveira (Archiv)

Well et zu Porto ze niwweleg war, fir ze landen, gouf eng Luxair-Maschinn en Dënschdeg op Lissabon ëmgeleet. Hei gouf et en Openthalt vun dräi Stonnen, éier de Fliger du weider op Porto konnt fléien. Dës Verspéidung hat dann och nach Repercussiounen op en anere Fluch. D’Passagéier nämlech, déi vum Findel aus op Barcelona sollte fléien, hu misste waarden, bis d’Maschinn aus Portugal zeréck um Findel war.

Op d’Kritik vu verschiddene Passagéier, datt si zu Lissabon de Fliger net hunn dierfte verloossen an näischt ze drénken an z’iesse kruten, reagéiert d’Luxair net direkt. Eenzeg, datt ee sech un d’Standardprozedure gehalen hätt an datt d’Passagéier Bonge kruten, fir d’Waardezäit ze iwwerbrécken, deelt déi national Fluchgesellschaft mat.

Eng aner Passagéier, déi eis en Donneschdeg kontaktéiert huet, huet eis matgedeelt, datt d’Passagéier zu Lissabon alleguerten ze drénken kruten an d’Kanner esouguer eppes Klenges z’iessen. “Si hunn hiert d’Bescht gemaach, och wann et net angeneem war, esou laang am Fliger mussen ze waarden”, esou d’Fra, déi anonym wollt bleiwen.

D’Schreiwes vu Luxair

L’avion prévu pour le vol de Porto a été dérouté vers Lisbonne en raison de brouillard, entraînant une attente de trois heures pour redécoller vers Porto. Ce contretemps a affecté la disponibilité de l’avion pour le vol LG3591 à destination de Barcelone, provoquant ainsi un retard important. Nos équipes ont appliqué les procédures standard en distribuant des vouchers aux passagers pour leur confort durant cette attente prolongée.

Back to Top
CIM LOGO