Wäilies start Mëtt/Enn SeptemberWënzer rechne mat gudder Qualitéit

Pit Everling
Christophe Hochard
D'Bauere maachen nom Karschnatz keng frou Gesiichter. D'Wënzer dogéint si kuerz virun der Lies zouversiichtlech.
Wënzer rechne mat gudder Qualitéit
Am Laf vun der 3. Woch September soll d’Drauwelies hei zu Lëtzebuerg ufänken. Am Secteur gëtt ëm den 19. September als Optakt gerechent.

Wäilies / Reportage: Pit Everling

Huet d’Wieder am Fréijoer net ëmmer matgespillt, sou mécht et dat aktuell ëmsou méi.

Spéide Frascht, vill Reen! D‘Joer hätt op der Musel besser kënne starten. De Bernd Karl, techneschen Direkter bei der Cooperative “Domaines Vinsmoselle":

“D’Joer war definitiv relativ komplizéiert. Dat ass schonn ugaangen am Wanter, oder mer hate Frascht am Fréijoer. Dat heescht, do ass scho vill erkaalt. Mer hate Wiederkonditiounen, déi net perfekt waren. Dat heescht, d‘Wënzer hu misse ganz schéi kämpfen.”

Virun allem huet dëst Joer géint Pilzer musse gekämpft ginn.
D’Wënzer gräifen a sou engem Fall op eng Partie Moossnamen zeréck, notamment Planzeschutzmëttel, wat natierlech Zäit a Geld kascht.

“Grad a sou schwierege Jore musse mer vernënftege Planzeschutz bedreiwen, fir eeben déi Produktioun och sécher ze stellen, well soss alles kapott geet”

Déi Drauwen, déi do sinn, sinn awer an engem ganz gudden Zoustand, confirméiert de Guy Krier, President vun de Privatwënzer:

“Also et gesäit wonnerbar aus. Bei schéinstem Summerwieder kënne mer eis Drauwe kucken, wéi se all Dag un Oechsele gewannen, also un Zockergehalt. Déi Drauwen, déi elo do sinn an eis bliwwe sinn, déi sinn an exzellentem Zoustand.”

Sou datt een dëst Joer op der Musel net mat risege Quantitéiten, mä awer mat enger gudder Qualitéit rechent.

Fir d’Lies ginn eng 800 sougenannte Saisonsaarbechter gebraucht. Do konnten d‘Prozedure rezent vereinfacht ginn, begréisse se beim Institut-Viti-Vinicole. Fir dës Lies wier ee personell gutt opgestallt, sou de Christopher Simon, Beroder vum genannten Institut:

“Dat ass relativ verschidden. Also deelweis sinn och Pensionäre vu Lëtzebuerg derbäi komm. Et sinn awer och vill Leit aus Polen oder Rumänien komm. Et ass ëmmer wichteg, datt mer eis an der EU beweegen, well dann ass et vill méi einfach, d’Leit unzestellen.”

Aktuell rechent een op der Musel dermat, datt d‘Wäilies an der drëtter September-Woch kéint ufänken.

Back to Top
CIM LOGO