Mat de Motarden an d'SchoulWhite Tigers: Biker géint Mobbing

Anne Wolff
Mobbing ass net just am Schoulhaff mol iwwert ee laachen, mee d'systematescht Ausgrenze vun enger Persoun, verbal, physesch an ëmmer méi och am Internet.

White Tigers / Reportage: Anne Wolff

Dat kann esou wäit goen, dass déi Betraffe sech ëmbrénge wëllen. Fir Kanner a jonke Leit ze hëllefen, aus deem däischtere Lach erëm erauszekommen, huet sech uganks dës Joers eng Grupp vu Bikeren zesummegedoen, d'»White Tigers».

2 vun aktuell 4 Kanner, déi d’Motardë begleeden, hu scho vu Suizid geschwat, eent dovunner schonn esou konkret, dass d’Tigeren den Eltere geroden hunn, mam Kand an d’Urgence ze goen.

Alleguer hu si schonn Erfarung mam Thema Mobbing gemaach, ob perséinlech oder an der Famill. Ma déi Envergure, besonnesch iwwert d’sozial Medien, déi ass nei, erzielt d’ Anna Maria Casalegno. D’Kanner géifen op laang Dauer e bemol selwer gleewen, dass si näischt wäert sinn an dat wier dat schlëmmst un der Saach.

Mat de Motarden an d’Schoul

“Mir begleeden d’Kanner um Wee an d’Schoul. Wann et e Schoulbus ass, begleede mir si bis se era klammen a waarden op se, wann se erausklammen. Wann et e Linnebus ass, klamme mir mat eran”, erkläert de President Loïc Hasselwander. Et geet drëms, dem betraffene Kand e Gefill vu Sécherheet a Selbstvertrauen ze ginn. Motorrieder, Schwaarz Kleeder, Tattooe - dat alles mécht schonn eng Impressioun. “Intimidéieren, jo an nee, et ass haaptsächlech fir dem Kand ze weisen, dass mir do sinn”.

Kann een dann um Moto matfueren?

«Jo», laacht de Loïc Hasselwander, « wann d’Wieder gutt ass».

D’Schoule géifen d’Motarden am Ufank mat Skepsis gesinn, et géif heiansdo gemengt, si wéilte sech an d’Aarbecht vum Enseignant amëschen. Dat wier awer net de Fall, betount de Loïc Hasselwander. Dat Ganzt wier komplementar. Si gesi sech als Uspriechpartner baussent der Schoul, alles, wat d’Kand hinnen erzielt, bleift vertraulech. Et sief, dass d’Faiten esou schlëmm sinn, dass d’Eltere mussen informéiert ginn.

Eng Ekipp vu Benevollen

Aktuell schaffe 14 Leit mat bei de White Tigers, alleguerte Fräiwëlleger. Reegelméisseg maache si Formatiounen zu den Theme (Cyber)-Mobbing, mental Gesondheet an Alerte Suicide.

A well d’Mobber sech sech dem Ausmooss vum Schued dacks net bewosst wieren, plangen d’Bikeren och Sensibiliséierungs-Campagnë fir Kanner a Jugendlecher. Enn des Mounts si si fir d’éischt an engem Jugendhaus, laangfristeg hoffe si och, an de Schoulen ënnerzekommen.

Donieft ënnerstëtzen d’White Tigers d’Familljen och finanziell oder mat deem néidegste Material, alles gratis. Si begleeden d’Kanner, bis se 18 Joer al sinn.

Back to Top
CIM LOGO