Klengen Accident war AusléiserWidderhuelungstäter war alkoholiséiert ënnerwee a krut Auto saiséiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police schreift, koum et an der Nuecht, kuerz virun Hallefnuecht, zu engem Accident um Kierchbierg. Ee war deem aneren dra gerannt.
© Police Archivbild

Eng Patrull op der Plaz huet dunn awer misse Verstäerkung ruffen, wéi sech kuerz nom Accident erausgestallt huet. Ee vun den Automobiliste stoung ënner héijem Alkoholafloss, deemno krut dësen och de Permis ofgeholl. Bei der weiderer Iwwerpréiwung koum eraus, dass dat net déi éischte Kéier war. Well et sech ëm e Widderhuelungstäter gehandelt huet, gouf de Parquet informéiert, deen eng Saisie ordonéiert huet.

Back to Top
CIM LOGO