Et war dem Lëtzebuerger säin 13. Asaz zanter dem Ufank vum Krich. Am RTL-Interview schwätzt hien iwwer dat Erlieften.
Dräi Joer sinn et lo hier, zanterdeem Russland d’Nopeschland Ukrain iwwerfall huet. Iwwer 1.000 Deeg wou Zivilisten an Zaldoten duerch Attacken hiert d’Liewe verléieren. Mam Philippe Jacob hëlleft e Lëtzebuerger Benevole an der Kriseregioun fir d’Populatioun a Sécherheet ze bréngen a si mat deem Noutwendegsten ze versuergen.
“Den Haaptvolet ass d’Evakuatioun vun den Zivilisten. Dat sinn den Ament virun allem eeler Leit. Awer och blesséiert Zaldote sinn a Sécherheet ze bréngen”, esou de Philippe am RTL-Interview. Mat den Ambulanzen déi d’asbl LUkraine vun der Lëtzebuerger Regierung gestallt kritt hunn, ginn des Transporter organiséiert.
Op engem Dag evakuéiert de Philippe Jacob mat senger Ekipp tëscht dräi a 70 Mënschen. “Wann den Dag virdrun ee vun eise Ween vun enger Dron attackéiert gouf, fält des Ambulanz aus a mir kënnen net esouvill Leit aus der Geforenzon huelen”, esou de Lëtzebuerger.
An deenen dräi Joer Krich an der Ukrain war de Philippe Jacob elo schonn 13 mol op der Plaz. Mol e puer Wochen oder ewéi elo 6 Méint. Wat him déi leschte Wochen opgefall wär, ass d’Heefegkeet un Dronen- a Militärattacken. Sou zum Beispill leschte Samschdeg. Eng schro Attack op déi zivil ukrainesch Populatioun. Hei wären och d’Secouriste cibléiert ginn, virop d’Pompjeeën.
Ambulanzen a Pompjeesween ginn zerstéiert. Sou Gefierer ginn dréngend an der Ukrain gebraucht. “Mir bräichten och gepanzert Ween, fir Evakuatiounen z’organiséieren. Och Minibusser wäre gutt. Mir kënnen net all Dag mat de gepanzerte Ween eng 600 Kilometer maachen”, erkläert de Philippe am Gespréich.
“D’Angscht em säin eegent Liewen ass ëmmer do”, erzielt de Lëtzebuerger wärend dem Interview. Mat sengen 31 Joer huet de Philippe Jacob, gebierteg vu Kruuchten, déi leschte Jore schlëmm a schro Biller gesinn. Déi ze verschaffe wär net einfach. Wärend dem Asaz kéint een awer net doriwwer nodenken. “Dat ass ze geféierlech. Eréischt duerno gëtt dat engem alles méi bewosst”, esou de Philippe.
Ugangs Mee plangt de Philippe Jacob zeréck an d’Krichsregioun ze goen. Deen Ament well hien zwou bis dräi Wochen op der Plaz bléiwen, fir den Zivilisten sou gutt et geet ze hëllefen.