CNS warnt viru falsche KrankeschäinerWie krank wier, soll bei den Dokter goen

Diana Hoffmann
D'Krankeschäiner goufen an den Nopeschlänner ausgestallt. Op engem gefälschte Krankeschäi steet eng Geldstrof an de Patron gëtt informéiert. 
© RTL Archiv

An de leschte Wochen tauchen ëmmer méi gefälschte Krankeschäiner op, déi an engem vun den Nopeschlänner ausgestallt goufen. Bis elo konnt d’Gesondheetskeess CNS eng 60 esou Krankeschäiner identifizéieren, seet de Christian Oberlé, President vun der CNS. Méiglecherweis wier d’Donkelziffer awer méi héich.

Dowéinst warnt d’CNS, op esou eng Offer zréckzegräifen a sech iwwer Internet e Krankeschäin ausstellen ze loossen. D’Online-Sitte funktionéieren op ënnerschiddlech Manéieren, wéi de Christian Oberlé erkläert. Heiansdo misst ee just ausfëllen, wat een hätt, a wéi vill Deeg ee wëllt krank geschriwwe ginn. Problematesch wier do och, dass een all déi perséinlech Donnéeën, wéi Matricule a Bankdate géing uginn. An deene meeschte Fäll géing hei wuel keen Dokter hannendru stoen. Bei aneren Online-Krankeschäiner wier et dogéint méiglecherweis anescht, mee et kéint een net kontrolléieren, ob den Dokter aktiv wier, respektiv ob d’Leit wierklech an enger Consultatioun waren.

“Wie krank ass, soll bei den Dokter goen”, resuméiert de Christian Oberlé. Zwar géing et nach d’Télé-Consultatioun ginn, déi wärend der Pandemie agefouert gi wier, mee d’Krankeschäiner, déi esou ausgestallt ginn, wiere mat 3 bis 4 den Dag eng absolut Minoritéit. An dëse Fäll géing d’CNS d’Dokteren awer kennen, well se eng Zouloossung hei am Land hunn. Wien op esou Internetsitte géing goen, fir sech e Krankeschäin ausstellen ze loossen, dee wéisst, wat e géing maachen, sou d’Aschätzung vum President vun der CNS.

Wien e gefälschte Krankeschäin ofgëtt, riskéiert dann net just eng Geldstrof tëscht 200 a 750 Euro. D’CNS informéiert och de Patron, wat kann zu enger Kënnegung féieren. Fir dem neie Phänomen vun de gefälschte Krankeschäiner entgéintzewierken, wëllt d’CNS elo weider sensibiliséieren.

Ma et schafft een och un enger Plainte, wou ee sech den Nopeschlänner wëllt uschléissen. Dëst, well d’Krankeschäiner aus Frankräich, Däitschland an der Belsch kommen an hei d’Phänomen scho relativ laang bekannt wier.

Back to Top
CIM LOGO