De Fluchhafen, d'Fluchgesellschaften oder keen?Wie muss fir de Chaos um Findel blechen?

Marc Hoscheid
Den 10. Mee stoungen, souzen a louchen iwwert 800 Passagéier stonnelaang an der Haapt-Hal vum Fluchhafen ze waarden.
© RTL-Archiv

Den 10. Mee 2024 war een Dag, wéi een en um Fluchhafe Findel virdrun nach net erlieft hat. Well ee Metalldetekter net funktionéiert hat, sinn 12 Leit onkontrolléiert an de Sécherheetsberäich komm. Wéi de Feeler bis opgefall ass, gouf, wéi an esou Fäll virgeschriwwen, d’Police geruff. Déi huet de Sécherheetsberäich kontrolléiert a mat Hëllef vu Fotoen no deenen 12 Persoune gesicht, mee dës konnten net fonnt ginn. Dowéinst gouf decidéiert, datt all d’Passagéier, ronn 800 Leit, nees kontrolléiert musse ginn. Dat huet natierlech zu Retarde gefouert an d’Repercussioune waren dee ganzen Dag iwwer ze spieren. Zéng Flich goufen annuléiert, 43 hate Retard. Den 22. Mee hat et op enger Pressekonferenz vum Fluchhafebedreiwer Luxairport geheescht, de Metalldetekter hätt net funktionéiert, well de Stecker an der Nuecht bei Botzaarbechten ongewollt erausgezu gi wier. Do hat et och geheescht, Cliente sollte sech fir Remboursementer un hir Airline adresséieren, dës kéinten d’Käschten dono u Luxairport weider ginn.

Wie muss fir de Chaos um Findel blechen? / Rep. Marc Hoscheid

An den Deeg a Wochen nom Incident hate sech eng Partie Leit bei RTL gemellt, fir sech driwwer ze beschwéieren, datt d’Luxair refuséiere géing, hinnen ee Remboursement respektiv eng Indemnisatioun ze bezuelen, obwuel hire Vol zolitte Retard hat. An der Äntwert vu Luxair un d’Cliente verweist d’Airline op déi europäesch Veruerdnung EC261/2004. Doranner gëtt ënnert anerem gereegelt, a wéi enge Fäll d’Fluchgesellschaften den Ticket rembourséieren an och zousätzlech Indemnisatioune bezuele mussen. Nieft dem Remboursement sinn nämlech och Indemnisatioune virgesinn, dës sinn ofhängeg vun der Distanz, déi de Fliger zeréckleeë sollt. Bei ënner 1.500 Kilometer huet de Client 250 Euro ze gutt. Bei Flich tëscht 1.500 an 3.500 Kilometer sinn et 400 Euro a bei nach méi groussen Distanze 600 Euro. Eng Ausname gëtt et allerdéngs, an zwar, wann d’Annulatioun oder de Retard (wann e méi wéi dräi Stonne bedréit) op ongewéinlech Ëmstänn zeréckzeféieren ass, déi sech och net hätte verhënnere loossen, wann d’Airline all zoumuttbar Mesuren ergraff hätt. Fir d’Luxair ass den Incident mam Stecker vum Metalldetekter esou een Ëmstand.

Et sief präziséiert, datt d’Reklamatioune vun de Clienten an d’Äntwerte vun der Luxair virun der Pressekonferenz vu Luxairport un eis erugedroe goufen. No der Pressekonferenz dono gefrot, ob si dann elo d’Leit rembourséieren a sech d’Suen dono vum Fluchhafen zeréckhuelen, verweist d’Luxair op en Neits op d’Veruerdnung EC261/4000 an d’Ausnamereegelung. Et géing een dowéinst keng Indemnisatioun bezuelen. Et hätt een alles gemaach, fir eng “assistance nécessaire” unzebidden an et hätt een d’Leit op aner Volle verdeelt. Well d’Passagéier kee Kontrakt mam Fluchhafen ofgeschloss hunn, dierft et net ganz vill bréngen, de Fluchhafen direkt unzeschreiwen.

Mir hu bei der Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC), beim National enforcement body, deen an de Konsumenteschutzministère integréiert ass, a beim Europäesche Verbraucherzentrum Lëtzebuerg nogefrot. Op deenen dräi Plazen hu sech bis elo nach keng Concernéiert gemellt. Dat kéint dorunner leien, datt d’Leit sech fir d’éischt un d’Fluchgesellschaften adresséieren an dës am Prinzip zwee Méint Zäit hunn, fir ze äntweren. Et géing een de Leit souwisou ëmmer roden, fir d’éischt mat der Airline a Kontakt ze trieden. Op deenen dräi Plazen ass ee sech doriwwer eens, datt d’Fluchgesellschaften effektiv net responsabel fir den Incident um Findel sinn an dowéinst och net bezuele mussen. Op d’Propose vu Luxairport ugeschwat, datt d’Airlinë d’Leit entschiedegen a sech dono d’Sue vum Fluchhafen zeréckfroe kéinten, heescht et vun der ULC, datt dat an der Theorie gutt klénge géing, mee riskéiere géing an der Praxis an d’Box ze goen.

Wann d’Passagéier indemniséiert wéilte ginn, géing dat wuel just iwwert den zivilrechtleche Wee goen. Um Enn misst dann ee Friddensriichter decidéieren. Wéi grouss d’Warscheinlechkeet ass, viru Geriicht Recht ze kréien, wier schwéier ze soen, dat wier och vu Fall zu Fall ënnerschiddlech. Op d’Fro, ob een éischter d’Airline oder de Fluchhafen usiche sollt, heescht et vun der ULC, et wier am logeschsten deen unzesichen, deen de Problem verursaacht huet, also an dësem Fall Luxairport. Bei der ULC gëtt een an deem Kader ze bedenken, datt d’Héicht vun den Indemnisatiounen, déi jo vun 250 bis 600 Euro reechen, mol eng Kéier iwwerschafft an un d’Ticketspräisser ugepasst misste ginn. Déi wieren iwwert déi leschte Joren ewech nämlech deels zolidd geklommen.

Back to Top
CIM LOGO