
Dat well hien 2015 en anere Mann erstach huet, mee scholdonfäeg war. D’Police hat de Mann kuerz dono nees opgegraff, ouni datt eppes geschitt war.
Op Ufro vun der LSAP gouf aus dem Ulass an de Chamberkommissioune Justiz, Santé a Sécurité sociale iwwert de Placement judiciaire am CHNP zu Ettelbréck diskutéiert. Den Dan Biancalana sot, et wier e ganz delikate Sujet:
“Well et engersäits awer ëm de Schutz vun der Gesellschaft geet. Et geet awer och ëm d’Reintegratioun vun der Persoun selwer. Ech mengen, datt d’psychiatresch a medezinesch Approche immens wichteg ass, an eis ass et drëms gaangen, ze verstoen, och wéi dat ageschat gëtt, wann emol ee kann entlooss ginn, zäitweis à l’essai.”
Déi Decisiounen, wéi och déi, ob et vum Spidolspersonal begleete Sortië gëtt, gi vun enger Spezialkommissioun aus zwee Riichter an zwee Psychiater geholl. Vu, datt de Moment um Stater Geriicht e Mordprozess verhandelt gëtt, an deem den Ugeklote viru senger Dot a psychiatrescher Behandlung war, hunn d’Deputéiert och mat den zoustännege Ministerinnen driwwer diskutéiert, wat Psychiater däerfen, sollen oder kënne maachen, wa si e Patient oder eng Patientin a Behandlung hunn, déi kéint geféierlech ginn.
D’Justizministerin Elisabeth Margue erkläert dozou, datt eng ganz Rei Leit e Placement aus medezinesche Grënn kënnen ufroen:
“Dat kënnen notamment d’Famill froen, den Tuteur, de Buergermeeschter, d’Police an de Parquet. De Psychiater en tant que tel net. Woubäi ee jo awer och muss bedenken, datt deen engem Secret professionell ënnerläit an et ass jo dank dem Secret professionell, datt eng Persoun sech opmécht vis-à-vis vun hirem Psychiater. Dat géif eng ganz Rei Froe mat sech bréngen, wann een dodru géif goen.”
Déi deontologesch Froe soll sech d’Gesondheetsministerin Martine Deprez nach emol ukucken.