
An deem Kontext freet elo och d'Police no Zeien, déi Informatiounen zu dësem Mann hunn. Enn 2019 war den Davit Kuzmyn un enger Serie un Auto-Déifställ am Land bedeelegt.
Wéi et säitens Europol heescht, ass hien e Member vun enger grousser krimineller Organisatioun. Ee vun de Mattäter gouf gefaasst a sëtzt zu Lëtzebuerg am Prisong. Verschidden anerer sinn nach op fräiem Fouss.
All Informatioune si fir d'Police judiciaire ënnert dem 244605599.