Fir 2025Wirtschaftlech Perspektiven am Handwierk maache Suergen

RTL Lëtzebuerg
D’Demande ass weider schwaach an den Emploi geet jee no Aktivitéite-Beräich méi oder manner staark zeréck.
© RTL Archiv

Déi wirtschaftlech Perspektive fir dëst Joer am Handwierk bleiwe préoccupant, dat schreift d’Chambre des métiers e Mëttwoch de Moien.

Et gëtt weider un eng anti-zyklesch Approche appelléiert bei ëffentlechen Ausschreiwungen an un eng Adaptatioun vun de Banke-Konditiounen, fir de Secteur ze stabiliséieren.

D’Zuel vu Faillitten a Betriber, déi fräiwëlleg opgehalen hunn, hätt am Laf vum leschte Joer e Rekord-Niveau erreecht.
Besonnesch däischter geséich et weiderhin an der Constructioun aus. Zanter Enn 2022 geet d’Zuel vun Aarbechtsplazen do kontinuéierlech zeréck. Déi staatlech Initiativ fir d’Vente vu VEFAen ze stimuléieren, géif just ganz lues Friichten droen.

LINK: D’Schreiwes vun der Chambre des Métiers

Back to Top
CIM LOGO