Op 2 Fotoen, déi d’Wittfra mat op d’Pressekonferenz an d’Etüd matbruecht hat, laacht de Jonathan Aubry an d’Kamera. De Mann ass Mëtt 30, grouss a kräfteg. An der Nuecht virun Hellegowend zejoert ass hien an der Disco “Champs Elysées” zu Péiteng ëm d’Liewe komm. Wat genee deen Owend geschitt ass, bleift bis haut onkloer. Wéi et vum Parquet heescht, géing d’Enquête den Ament nach lafen.
Fest steet, op der Danzpist war et an de fréie Moiesstonne vum 23. Dezember zu enger Ausernanersetzung mat engem 57 Joer ale Sécherheetsbeamte vum Etablissement komm. De Jonathan Aubry fält op de Buedem a stierft nach op der Plaz. Ob hie vum Beamte gestouss oder geschloe gouf, dozou ginn et ënnerschiddlech Aussoen.
Dräi Méint méi spéit wëllen d’Wittfra an hir 2 Affekoten op Deroulementer hiweisen, déi si net kënnen novollzéien. “Zanter dem 24. Dezember 2023 ass mäi Liewe komplett stoe bliwwen”, seet d’Faïza Aubry-Bouraï a kann hir Tréinen net zréckhalen. Hiert ganzt Liewe géing ëm hire Mann dréinen, deen hir enorm géing feelen. Enttäuscht ass si, dass si bis haut net gehéiert gouf. Vu Säite vu Lëtzebuerg hätt si bis elo keng psychologesch Hëllef proposéiert kritt. “Ech fannen dat wierklech immens schwéier mat all deem eens ze ginn”, sou déi 34 Joer al Fra.

Mat der Justiz wënsche si an hir Affekoten sech e besseren Austausch. “Mir Vertrauen der Justiz, mee d’Feele vun Transparenz kéint eis zweiwele loossen”, seet och de Brudder vun der Wittfra. D’Affekote kritiséieren, keng Réckmeldungen op hir Froen ze kréien, respektiv keng Delaie matgedeelt ze kréien. “Wa mir kee Retour vum Untersuchungsriichter kréien, stelle mir eis Froen. Si Saachen net kloer? Gëtt et en neien Ament?”, sou den Affekot Bruno Vier. D’Affekote soen awer och am selwechten Otemzuch, dass hinne kloer ass, dass et sech ëm laang Prozedure géing handelen. Dat weess och d’Wittfra, déi als Kriminologin a klinesch Psychologin de Fonctionnement vun der Justiz kennt. An hirem Job, deem si bis haut net méi kann nogoen, war si reegelméisseg mat schlëmmen Dossiere befaasst.
Bis elo leeft eng Enquête géint de Sécherheetsbeamten aus der Disko zu Péiteng wéinst onfräiwëllegem Doudschlag a Kierperverletzung, déi ongewollt zum Doud gefouert huet. “Net just de Sécherheetsagent ass awer de Schëllegen”, mengt de Bruno Vier. Och d’Gerantë vun der Disko. Schliisslech misst fir d’Sécherheet vun de Clientë gesuergt sinn. Hie geet dovunner aus, dass d’Justiz d’Responsabilitéit vu jidderengem analyséiert. Den Affekot huet och drop higewisen, dass et virun engem Mount nees e Virfall op engem Parking direkt nieft der selwechter Disko gouf, bei där eng Persoun schwéier mat engem Messer blesséiert gouf. Schockéiert sinn hien an den Affekot Anthony Winkel och, dass d’Disko den Dag nom Doud vum Jonathan Aubry direkt nees opgemaach huet.
Fir dem Verstuerwenen ze gedenken, an de ville Leit, déi si an de leschte Méint ënnerstëtzt hu Merci ze soen, wëll d’Wittfra eng Marche Blanche zu Péiteng organiséieren. Dës soll de 24. Mee sinn. Vu virun der Gemeng aus soll de Cortège bis bei d’Disko féieren, wou eng Minutt soll am Stëlle geduecht ginn. D’Autorisatioun gouf awer eréischt en Dënschdeg bei der Gemeng ugefrot, an et gëtt nach op eng Réckmeldung gewaart.

Parquet deelt mat: Éischt Detailer zu déidlechem Tëschefall a Péitenger Disko