E Méindeg war erëm eng lass an der Éisleker Stad. Nieft dem Gënzefest hat awer virun allem de Gënzekorso ganz vill Leit an de Norde vum Land gezunn. 1948 hat de Wëlzer Fotograf Tony Mander d’Fest eng éischte Kéier organiséiert. Dat Joer drop goung den éischte Korso duerch d’Stroosse vu Wolz.
Och d’Wäikinnigin hat de Wee erop an d’Éislek fonnt. Zanter September 2021 vertrëtt d’Lee Risch d’Lëtzebuerger Wäiregioun am In- an Ausland.
Dat folkloristescht Fest stoung dëst Joer ënnert dem Motto “Giant Toys” - also gigantesch Spillsaachen.
Um Péngschtméindeg gëtt de Gënz gefeiert, déi giel Blumm ëm déi sech deen Dag alles dréit. Riseg Felder mat Gënzeblumme fënnt ee virun allem am Norde vum Land.
Bei herrlechem Wieder sinn déi eenzel Ween a Foussgruppen duerch d’Stroosse vu Wolz gezunn. Et goung duerch de Stadkär bis erof op d’Gemengeplaz. Um leschte Won hat d’Gënzekinnigin zesumme mat hire Prinzessinne Plaz geholl. Ketty Scheer heescht d’Kinnigin 2022. Ee Critère fir des éierevoll Aufgab däerfen z’iwwerhuelen: Et muss ee vu Wolz sinn.