Zwee BlesséierterWon zu Hunchereng op d'Kopp gaangen
Wéi de CGDIS mellt, koum et kuerz virun 10 Auer zu engem Verkéiersaccident tëscht Biergem an Hunchereng.
En Automobilist huet éischten Informatiounen no op riichter Streck d’Kontroll iwwer säi Won verluer an ass domat op d’Kopp gaangen. D’Gefier gouf zeréckgeschleidert a krut och e Bam ze paken. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert a koumen an d’Spidol. Méi Detailer sinn net gewosst.
Op der Plaz war den Escher Samu souwéi d’Rettungsservicer vu Suessem-Déifferdeng, Beetebuerg an Esch. D’Streck war gutt annerhallef Stonn gespaart.
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.