Buergbrennen 2025Wou gëtt wéini de Wanter verbrannt?

RTL Lëtzebuerg
Um éischte Sonndeg no der Fuesent gi queesch duerch Lëtzebuerg déi sougenannte "Buergen" verbrannt. Esou soll de Wanter verdriwwe ginn.
Buergbrennen z Méchela
Buergbrennen z Méchela
© Mike Miller / President AMICALE 09 MÉCHELA

Et ass natierlech och déi perfekt Geleeënheet, seng Noperen an aner Leit aus dem Uert mol nees ze gesinn oder lokal Perséinlechkeeten a Veräiner ze treffen.

Um Wupp vun dësem Artikel fannt Dir eng Oplëschtung vun de Buergbrennen uechter d’Land, respektiv wou Dir eis kënnt matdeelen, wou wéini d’Buerg bei Iech gebrannt gëtt.

All Duerf organiséiert u sech een eegent - oder och e puer - Mol méi grouss, Mol méi kleng Buergbrennen. Dacks ginn dofir schonn am Virfeld Holz, Stréi a Gehecks gesammelt - eis al Chrëschtbeemercher zum Beispill - fir op enger grousser oppener Plaz als Zort “Scheiterhaufen” mat engem Kräiz oder enger Buerg verbrannt ze ginn.

Dacks gëtt och e Fakelzuch duerch déi verschidden Uertschaften organiséiert, woubäi d’Fakelen de Koup duerno a Brand setzen. Et ass awer och nach ëmmer Brauch - wann och net méi iwwerall - dass déi fir d’lescht bestuete Koppel oder eng lokal Perséinlechkeet d’Buerg ufänkt.

An der Zäit war d’Buergbrennen exklusiv op “Buergsonndeg”, ma mëttlerweil hu vill lokal Veräiner dëse Rendezvous och schonn op Samschdeg, oder souguer op Freideg verluecht, wat organisatoresch besser ze geréieren ass. A ville Gemenge sinn et Veräiner wéi zum Beispill d’Scouten, déi sech engagéieren, sou dass och déi méi kleng eppes vun der Traditioun hunn.

Eng al Traditioun

Zesumme gëtt d’Keelt verjot a symbolesch de Wanter verbrannt. Dat awer net just hei am Land. Och am däitsche Grenzgebitt an op verschiddene Plazen am Frankräich ass de Brauch e Kräiz ze verbrennen e feste Bestanddeel. Am schwäbesch-alemannesche Raum heescht eist d’Buergbrennen zum Beispill “Funkenfeuer”, zu Zürich an der Schwäiz gëtt op “Sechseläuten” eng Buerg (Böögg) verbrannt a bei eise franséischen Noperen ass et d’"fête des brandons”.

Ursprénglech war d’Buergbrennen oder d’Faaschtefeier en heednesche Brauch a war nach ëmmer am Ufank vum Fréijoer. D’Feier steet symbolesch fir de Retour vum Fréijoer, respektiv d’Verdreiwe vum Wanter. Et ass den Triumph vun der Hëtzt iwwer d’Keelt.

Fréier hunn d’Baueren an d’Wënzer vum Buergbrenne profitéiert, fir d’Wieder virauszesoen: “Wéi den Damp op Buergsonndeg geet, sou geet en de ganze Virsummer”. Experte soen awer och, dass d’Wuert “Buerg” u sech näischt mat enger Buerg ze dinn huet, mä ass op dat laténgescht Wuert “burere”, also “brennen” zeréckzeféieren.

Wou a wéini?

Wou a wéini gëtt dëst Joer de Wanter verbannt? Schéckt eis Informatiounen iwwert Ären Evenement hei iwwert de Formulaire eran.

Tipp: Wann dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, musst Dir fir d’éischt d’Cookies vum Site acceptéieren.

Erklärungen zu der Oplëschtung

Hei fannt dir d’Informatiounen zum Buergbrennen, sou wéi mir se zejoert eragemellt kruten. Wann eppes geännert huet dëst Joer, op wéi enger Plaz d’Buerg gebrannt gëtt, respektiv wien den Organisateur ass, zéckt net eis dat matzedeelen. Sollt ee Buergbrennen an dëser Oplëschtung feelen, och da wiere mer frou, wann Dir eis dat matdeelt.

Kursiv geschriwwen: Informatioune vum Buergbrennen 2024

Normal geschriwwen: Aktualiséiert Informatioune mat Datum an Auerzäit vun 2025

LokalitéitWou geneeWienWéiniZousazinformatiounen
AasselbuerRichtung Pafemillen, beim WaasserbehälterJeunesse Aasselburrenhttps://www.facebook.com/events/s/buergbrennen-2024-zu-beefort/950164076714394/?mibextid=9l3rBW8. Mäerz um 20 Auer
ÄischenBei der Schoul “Vir Wëller”
Äischener Scouten
8. Mäerz um 19 AuerBuergbrennen 2025 zu Äischen
AltréierUm Hersberg
Micky Mais
9. Mäerz um 19 AuerFacebook
AngelduerfHannert dem CampingPompjeesfrënn Angelduerf
AngelsbiergHannert der KierchCDJ Angelsbierg
BäerdrefOp TéilemuerFeuerwehr Bollendorf & Centre d’Incendie et de Secours Berdorf8. Mäerz um 19 AuerBuergbrennen 2025 zu Bäerdref
BartrengAncienne Rue de LeudelangeClub des Jeunes an LGS Bartreng8. Mäerz um 19 AuerBartrenger Buergbrennen 2025
BauscheltBeim CGDISAmicale Pompjeeën Gemeng Bauschelt a.s.b.l. Accueil - Boulaide
BechUm Faubuerg
Becher Jugend9. Mäerz vun 18 Auer un
BeefortVis-à-vis vum Haus 61, Route de ReisdorfAmicale Pompjeeën Beefort a.s.b.l.
BeetebuergHome St. Luc (58, Rue John Fitzgerald Kennedy)Beetebuerger Guiden a Scouten8. Mäerz um 18.45 Auer Facebook
BeggenAn der Rue Henri Dunant géigeniwwer vum Stade Henri DunantBeggener Guiden a Scouten9. Mäerz 19 Auer
Béiwen-AtertOp der Schleid (Rue de la Gare)
Jugend Béiwen Attert
8. Mäerz um 19 Auer Facebook
BettenduerfUm Dräieck, Sortie Bettenduerf a Richtung MéischtrëffPompjees-Musik Bettenduerf
BerbuergWiss vum Kiss&Go virum BeaurepaireRudden Hunn Berbuerg
BeyrenBeim Centre CulturelAmicale vun de Pompjeeën
BëschdrefRichtung Openthalt, déi zweet Afaart an de Bësch eran
Club des jeunes Bëschdref
9. Mäerz vun 18 Auer unBuergbrennen zu Bëschdref | Bëschdref
BiekerechTëscht dem Leewelerwee an dem EllerweeOldtimerfrënn Biekerech
BierdenA Burden
Amicale Bierden
9. Mäerz um 19 Auer
BierengUm Siebelchen a Richtung BierengerbiergVeräiner vu BierengDen 9. Mäerz um 17 Auer
BiissenKlengbousbierg (hannert der Sportshal nieft dem Tricentenaire)Pétanque Club Biissen an d’Jugendhaus8. Mäerz um 19 AuerBissen.lu
Blaaschent 25, Rue de FischbachDuerffrënn vu Blaaschent9. Mäerz um 19 AuerBuergbrennen zu Blaaschent | Facebook
BilschdrefOp der BuergplazAmicale Pompjeeën Ueschdref Bilschdref
BiwerUm Rédelbierg géintiwwer vum KierfechtAmis de la Croix-Rouge Biwer
BielesGaalgebiergScouten G.-D. Jean
Bierden Amicale Bierden
BounewegBvd. Kaltreis beim WaassertuermBouneweger Guiden a Scouten
Boukels bei HousenOp Schalper (Feldwee Richtung Munzen/Näidsen)Veräin “Di Boukelser”8. Mäerz vun 18 Auer un
BrouchBei der aler Sandkaul (Rue de Biissen)CDJ Bricher Suebelmouken
Bungeref Spuerveräin
BuerglënsterOp der MillenBierger Brenner8. Mäerz um 19 AuerFacebook
BurUm BiergClub des Jeunes Ënnersauer
Cents153, Rue CentsCentser Guiden a Scouten8. Mäerz ëm 19.30 AuerFacebook
ChrëschtnechOp der HougeriichtClub des Jeunes Chrëschtnech
Colmar-BiergAm PompjeesbauAmicale vun de Fräiwëllege Pompjeeën9. Mäerz um 19 AuerFacebook
ConterOp der Syrener HeedClub des Jeunes Conter
CruchtenUm GlaberweeCruchten 2.0
8. Mäerz um 19 AuerFacebook
DéifferdengUm Metzkimmert bei der VëlosschoulDéifferdenger Guiden a Scouten8. Mäerz um 20.30 Auer
DiddelengHome St. JeanDiddelenger Guiden a Scouten8. Mäerz um 18.15 AuerDiddelenger Guiden a Scoute St. Jean | Dudelange | Facebook
DikrechA BedigenAmicale Asazzenter
DuelemKierlingerstrooss beim FussballsterrainAmicale vun den Pompjeeën Duelem-Welfren asbl9. Mäerz vu 17 Auer unFacebook
EeselbuerEeselbuer Richtung Pateren
Esch-UelzechtD’Escher KlibbAm Ellergronn9. Mäerz um 17 AuerEscher Buergbrennen 2025 | Facebook
EschduerfUm Aalen TippJugend Eschdöerf-Mettscheet9. Mäerz um 19 Auer
EschweilerOp der Gewännchen, RoudemerstroossEeschler asbl08. Mäerz um 18.30 AuerEschweiler Buergbrennen 2025 | Facebook
Eschweiler / WolzAm Selschter PadKleng Jeunesse Eeschwëller9. Mäerz um 20 Auer
EttelbréckOp den DaichwisenEttelbrécker Pompjeeën
Feelen“Op der Tomm” (Rue Belle-Vue)Amicale Pompjeeën Feelen
FëlschdrefMunnereferstroossAmicale Pompjeeën Fëlschdrefhttps://facebook.com/events/s/buergbrennen-fete-des-brandons/1121092298913005/8. Mäerz um 18 Auer
FëschbechFeld hannert der WisebaachAmicale Maarkollef8. Mäerz um 19.30 Auer
FéngegRue du Bois “Um Kues” beim SchappFéngeger Jugend
FentengBeim KierfechtPompjeeën Gemeng Hesper
FluessweilerOp der BuergplazClub des Jeunes Fluessweiler
FurenOp der KnuppClub des Jeunes Fouhren
GarnechUm BotterkraizClub Opel Hecktriebler Lëtzebuerg
GilsdrefRue des Jardins bei der VelospisteClub des Jeunes Gilsdref
GonnerengUm GehaansraichGonnerenger Duerfclub9. Mäerz, Depart um 19 Auer bei der SchoulSite vun der Gemeng
GouschtengBeim Centre CulturelGouschtenger Pompjeeën
GreiweldengBeim VeräinsbauClub des Jeunes Greiweldeng Stadtbredimus
GréiwemaacherAn der Hiel zu Gréiwemaacher
Maacher Guiden a Scouten
GrousbusRue boschent beim wasserbehälter Groussbusser Pompjeen Anno 18479. Mäerz um 19 Auer
HaasselChalet Haasseler BëschWeiler Bouwen a.s.b.l.
HabschtKierchbierg
JOC Habscht
9. Mäerz um 19.30 AuerHabscht.lu
HalerOp der HichtHaler Leit9. Mäerz um 19 Auer
HarelUm Napoléons-BeemschenJeunesse Harel
HeischentUm aalen TippHeischter Jongen9. Mäerz um 19.15 Auer
HengeschtBeim WaassertuermJeunesse Hengescht
HënsdrefUm ZappHënsdrefer Duerffrënn
HiefenechOp der HéichtHiefenecher Jugend9. Mäerz um 19 Auer
HollerUm Holler BiergJeunesse Bënzelt-Holler-Bréidelt
HolzOp Löscht (Richtung Kleng-Elchert)Club des Jeunes8. Mäerz um 19 Auer
HoufeltOp der SchockSchéissclub
HouschentDuerfagang nieft der N7
Jeunesse Houschent
8. Mäerz owes
HousenUm KnuppFOAH Asbl an Jeunesse Housen Asbl8. Mäerz vun 19.30 Auer un
Hueschtert Club des Jeunes
HuldangOp de BiärrigSchéissclub9. Mäerz um 20 Auer
IechternachUm SéiAmicale vun den Pompjeeën & LGS
Ierpeldeng/BousBeim Kierfecht NengkirchenAmicale Pompjeeën Bous
Ierpeldeng/SauerGruefwee
Syndicat FC 72
8. Mäerz um 19 Auer
IewerlengBeim Schlass, Rue PrincipaleIewerlenger Bréckestäiler9. Mäerz um 17h30Kannerbuergbrennen
IischpeltBeim Ponts et Chaussée HaischenJeunesse Ischpelt8. Mäerz um 21 Auer
IzegBeim Tennis TerrainEntente Itzeg9. Mäerz um 19 AuerHesperange.lu
JonglënsterLënsterbierg, Schluss vun der Rue de la MontagneLGS St. Martin Jonglënster
KäerchBei der PrimärschoulGieweler Pompjeeën asbl9. Mäerz um 19 Auer
KanechKanech op der BuergJugendhaus Lenneng Kanech an Amicale Pompjeeën Kanech-Lenneng8. Mäerz um 19 AuerKanecher Buergbrennen | Facebook
KeelUm Kahlebierg (Depart vum Fakelzuch bei der Gemeng)Keeler Scouten9. Mäerz um 18h300
KeespeltOp der HéischtPompjeesfrënn Keespelt-Meespelthttp://event.lgsj.lu9. Mäerz um 17 AuerBuergbrennen zu Keespelt | Facebook
KënzegBeim WaassertuermClub des Jeunes Kënzeg
KolerUm BiergClub des Jeunes Koler
KolpechPompjeesbau UewerkolpechAmicale Pompjeeën Gemeng Ell an CDJ Kolpech
KopleschtBei de 5 BuchenAESA Scouten an d’Jugendhaus Bridel Buergbrennen zu Koplescht | Facebook
KonsdrefUm Tipp (rue Kuelscheier)Konsdrëffer Musek
KruuchtenUm GlaberweeCruchten 2.0
LampechA Millesch, 12a Rue de RuisseauLampecher Fliichteschësser9. Mäerz um 19 Auer
LeidelengUm Enn vun der Rue Eich Richtung Lager HUKAmicale vun de Leidelenger Pompjeeën9. Mäerz um 19 Auer
Léifregvis-à-vis vum CampingD’Meedercher an d’Jongen vun der Burrig
LennengenWéngertsbiergDT Lenneng
LuerenzweilerOp der SchanzLuerenzweiler Scouten
MaarnechSchwaarzenhiwwelstrooss
Jeunesse Maarnich/Ruadder
9. Mäerz
MäertertAn der LämkaulCimw asbl
MäerzegUm Krippelsbierg, Rue de MerschiedAmicale Pompjeeën Mäerzeg asbl
MamerUm Enn vun der Rue de KehlenCSV Gemeng Mamer
ManternachUm EerPompjeesfrënn CIS Manternach
MéchelaFuttballterrain zu MéchelaAmicale 09 Méchela an CS Buurschent9. Mäerz um 19 Auer
MéchelbuchBeim DaachdeckerPompjeesfrënn an Aktiv Viichten
MeechtemAn der Hal vum LokalveräinUnion des Jeunes
MëllerefOp den AessenMëllerefer Buergjugend9. Mäerz um 12 AuerBuergbrennen zu Mëlleref – Commune de Steinsel
MensterRue Uewersyren (Feldwee beim Futtballsterrain)Club des Jeunes8. Mäerz um 18.30 AuerFacebook
Miersch4, Rue de GosseldangeMierscher Pompjeeën ASBL
MiesdrefUm KachebiergAal Lanzen Asblevent.lgsj.lu
Monnerech115 Rue de PontpierreMonnerecher Guiden a ScoutenDen 8. Maërz um 19 AuerMonnerecher Buergbrennen 2025 | Facebook
MunnerefUm BadboeschelchenMunnerefer Mais FNEL Scouten
MunzenFrummeschgaassJeunesse Munzen Draufelt Siwwenaler asbl
NäertrechUm FluchfeldJeunesse NGW
NidderaanwenCR132 tëscht Nidderaanwen a MënsbechBuergfrënn a Scoute vun Nidderaanwen9. Mäerz um 18h00Niederanven.lu
NidderpallenBeim WäschbuerDT Nidderpallen8. Mäerz um 19 AuerFacebook
NojemUm KimmCDJ Nojem
NouspeltUm LeckNouspelter Buergbrenner8. Mäerz vun 18 Auer unFacebook
NoutemBeiwenerstroossJeunesse Noutem
Op der SchanzHannert dem BildchenMicky Mais Gemeng Bech
OsperCentre Polyvalent (31a, Rue Principale)Gudd Noperen vun Osper Räichel an der Elz asbl9. Mäerz vu 17 Auer unBuergbrennen zu Osper
OuljenAm Kéisbierg (Rue de Flaxweiler)Ouljener Jongen
PärelRue du Moulin, Club des Jeunes an Amicale Pompjeeën Pärel-Wolwen8. Mäerz um 19 AuerAmicale Pompjéeen Pärel-Wolwen | Facebook
PéitengRue BellevuePéitenger Guiden a Scouten
Préizerdaul um AlebiergPompjeeën Préizerdaul9. Mäerz, Depart 18.30 beim Pompjeesbau
PëtschentOp der GondeltJeunesse Weller-Pëtschent
8. Mäerz 20 Auer
Rammerech an der Rue de RoodtClub des Jeunes an Rammericher PomjeesmusikSonndes, den 9. Mäerz um 19:30Facebook
Réiden 8. Mäerz 17 Auer
ReilandBeim BëschelchenAmicale Pompjeeën Hiefenech-Reiland8. Mäerz um 19 Auer
RéimechUm GewännchenLGS St. Cunibert Réimech
ReisduerfBeim FussballsterrainAmicale Pompjeeën Reisduerf8. Mäerz vun 19 Auer un
RëmelengSkatepark beim Parking vun der Musée des MinesGemeng Rëmeleng9. Mäerz um 19 AuerRumelange.lu
Rëmerschen/SchengenOp der MoullJugendinitiative Boermereng
RëmeljenBurigplatz Richtung Boxer rop
RippegOp der RuederAmicale Rippeger Pompjee
Rippweiler 9. Mäerz 19 Auer
RodangeOp der DänneknippchenAmicale Nidderréideng-Rodange
RollengCentre de loisirAmicale vum CIS Péiteng
RouspertUm Plateau
Rousperter Jonggesellen
9. Mäerz um 19 AuerRosportmompach.lu
RuedRued/EllËnnert de Rieder Asbl
Rued-SirUm WiddebiergLëtzebuerger Guiden a Scouten Rued-Sir9. Mäerz 19 Auer Facebook
SandweilerBeim Pompjeesbau, 113 Rue d’ItzigAmicale vun de Sandweiler Pompjeeën9. Mäerz um 19.30 AuerSandweiler.lu
SchandelHannert der KierchPompjeesfrënn Gemeng Useldeng
ScheedgenAn der Sank
Fanfare Scheedgen
9. Mäerz um 19 Auer
SchëfflengBeim Stade Jean JacobySchëfflenger Scouten8. Mäerz um 19 Auer
SchëndelsGéintiwwer der Spillplaz, Montée de la BergerieAmicale Pompjeeën Schëndels9. Mäerz um 17h30Amicale Pompjeeen Schendels | Facebook
SchëtterAl-Schëtter op der CrosspisteClub des Jeunes8. Mäerz um 18h30Schuttrange.lu
SchierenHannert der KierchPompjeesfrënn Schieren
SchousAm Géie WeeWiichtelcher vu Schous9. Mäerz um 19h30
SchullerHome Dippecher Dachsen (21, Rue des Ecoles)Dippecher Dachsen an d’Amicale vun den Dippecher Pompjeeën8. Mäerz um 18h00
SimmerSimmer/Um WaldPompjeeën Greisch-Roodt-Simmer a.s.b.l.8. Mäerz um 17h30Amicale Pompjeeën Greisch-Roodt-Simmer
SteeënBeim PompjeesbauAmicale Pompjeeën Iermsdref
SteenemBeim FräihofAmicale Pompjeeën Hinkel-Rouspert-Steenem 9. Mäerz um 17 AuerBuergsonndeg zu Steenem am Fräihof | Facebook
SteeselOp der Vëlospist hannert dem RecyclingcenterSteeseler Scouten
8. Mäerz um 18 Auer
Buergbrennen Wëll Sai Steesel 2025 | Facebook
StengefortP&RDe Club mat de Stengeforter Guiden a Scouten8. Mäerz vun 18.30 Auer unBuergbrennen zu Stengefort
SuessemBeim SchlassSuessemer Guiden a Scouten8. Mäerz um 18.30 Auer
TëntenBeim HeidemierNatur an Ëmwelt Téinten
Ueschdref Amicale Pompjeeën Ueschdref/Bilschdref
UewerdonwenOp der Kopp an der Rue Béinert oder beim FligermonumentAmicale Pompjeeën8. Mäerz um 19 Auer🔥🏰 Buergbrennen 2025 🔥🏰 | Facebook
Uewerwampech
Hutt Knapp
Strooss op der Lee
Jeunesse Uewerwampich
9. Mäerz um 19.30 Auer
UseldengÖkoparkingClub des Jeunes Useldeng9. Mäerz um 18 Auer
VeianenAm HomerichtVeiner Pompjer ASBL8. Mäerz um 20 AuerFacebook
WaarkenBeim FridbëschWaarker Jeekelen9. Mäerz um 19.30 AuerFacebook
WäicherdangTëscht Wäicherdang an EeselbuerAmicale Wäicherdang9. Mäerz um 19 Auer
WäiswampechBeim ZeltJeunesse va Wäiswampich
WalVeräinsbau (42, Rue Principale)Déi Waler
WalferBeim RugbysterrainWalfer Guiden a Scouten9. Mäerz um 19 AuerFacebook
WolzBei der Fatima
The Castleboys Wiltz
9. Mäerz um 19 Auer
WuermerUm Kundel (9, rue Kundel L-5485 Wormeldange-Haut)
DII Wormer9. Mäerz um 19 AuerBorregbrennen zu Wuermer

Back to Top
CIM LOGO