Wënsch der eppesWou komme Stäreschnäizen hier?

RTL Lëtzebuerg
Wien nach e puer Wënsch huet, ka vun dësem Weekend un an de Stärenhimmel kucken. An den nächsten zwou Wochen dierften där eng Partie ze gesi sinn.
Fantastesch Biller vum Stärenhimmel
Stäreschnäize si Koméitestëbs, deen an der Äerdatmosphär vergléit an dobäi fir eng kuerz Zäit liicht.

10/08/2024 BAND Stäreschnäizen 10h ChrisMeisch (INTERNET)

Stäreschnäize si Koméitestëbs, deen an der Äerdatmosphär vergléit an dobäi fir eng kuerz Zäit liicht. Op sengem Wee bei d’Sonn erhëtzt sech de Koméit a fänkt u mat schmëlzen. Dobäi verléiert hien niewent Waasser a Gas och Stëbs, deen dann am Orbit bleift, erkläert de Nicolas Feierstein, Éierepresident vun de Lëtzebuerger Amateur-Astronomen.
Hie präziséiert, wéini ee ka vun engem Meteorit schwätzen..

“Wann de Kierper ausserhalb der Atmosphär geflu kënnt, dann ass et ee Meteorid mat engem “d” hannen, wann en an d‘Äerdatmosphär era kënnt, gëtt en duerch d‘Reiwung waarm, da liicht en an dann ass et eng “Lichterscheinung”, e Meteor, an da fält e wéi gesot hoffentlech a mäi Gaart an dann, wann en a mengem Gaart géif leien, ass et ee Meteorit an där ginn et zwou Zorten, et gi metallescher - Eisen/Néckel - dofir soen ech ëmmer “eisen Néckel” dann ass et net “hiren Néckel”, dann ass et “eisen Néckel” oder se sinn aus Steen.“

All Joer am August kräizt eis Äerd dem Koméit seng Bunn. De Stëbs, dee mat 70 Kilometer an der Sekonn an eis Atmosphär geréit, vergloust duerch d’Reiwung. Deemno fléien se net laanscht eis, wéi een dat géing mengen, wann een an den Himmel kuckt, mee eise Planéit flitt duerch de Stëbs a laanscht d‘Stäreschnäizen. Des Stëbskären, also Stäreschnäizen hunn am Duerchschnëtt een Duerchmiesser vun engem hallwe Millimeter a sinn 80-100 Kilometer vun eisem Planéit fort. Ass mol ee gréissere Stëbskär dobäi, da gesi mir ee Feierball, och Bolid genannt, um Himmel an dat kann dann och mol Kaméidi maachen.

“Wann dir eng Stäreschnäiz am Himmel hutt an dir kuckt net grad deen Ament, wou d‘Stäreschnäiz do flitt, dann ass se scho fort. Mee e Feierball, dat ass e puer Millisekonne méi laang, dat heescht wann dir et héiert zischen, da kuckt dir an da gesitt dir en och, well déi Bunn, déi ass esou ioniséiert, dass déi nach e wéineg duerno liicht an déi bleift dann e puer Sekonne laang um Himmel stoen, déi Bunn.”

D’Associatioun vun den Amateur-Astronome stellt e Samschden den Owend zu Buerschent nieft de Schoul hir Teleskopen op. Jiddereen ass wëllkomm, fir sech do d‘Stären an d‘Stäreschnäize méi genee ze kucken.

Back to Top
CIM LOGO