Statec deelt matWuesstem an Evolutioun vun Aarbechtsmaart manner favorabel wéi nach viru Méint

RTL Lëtzebuerg
Fir den Ament bleift d'Aktivitéit am Bausecteur nach ëmmer réckleefeg. Den Aarbechtsmaart erhëlt sech och méi lues wéi erwaart.
© Maxime GONZALES

Lëtzebuerg ass amgaang, d’Rezessioun hannert sech ze loossen, mä de mëttelfristege Wirtschaftswuesstem an d’Evolutioun vum Aarbechtsmaart falen antëscht manner favorabel aus, wéi nach virun e puer Méint, sou de Statec an enger neier Nott.

De Statistiksbüro huet dem Finanzministère eng Aktualiséierung vun de Previsiounen en Vue vum Budgetsprojet fir dat anert Joer geliwwert, deen den 9. Oktober an der Chamber vum Gilles Roth deposéiert gëtt. Fir dëst Joer geet de Statec den Ament vun enger Hausse vum PIB vun 1,5 Prozent aus. Et wäert awer bis 2028 daueren, bis d’Croissance vum PIB 3 Prozent erreeche wäert.

Fir den Ament bleift d’Aktivitéit am Bausecteur nach ëmmer réckleefeg. Den Aarbechtsmaart erhëlt sech och méi lues wéi erwaart. De Chômage géif op d’mannst bis 2026 klammen an en Taux vun iwwer 6 Prozent erreechen.

D’Joresinflatioun dierft dëst Joer bei 2,3 Prozent an 2025 bei 2,6 Prozent leien. Déi liicht Hausse erkläert de Statec mat den Energiepräis-Deckelen, déi wäerten ewechfalen.

Back to Top
CIM LOGO