Diskussiounen zu EschWunngemeinschaften an Eefamilljenhaiser ginn duerch neie PAG verbueden

Fanny Kinsch
D'Oppositioun ass skandaliséiert iwwert déi Mesuren. De Schäfferot zu Esch wëll virum 2. Vott vum PAG den 3. Juli nach Adaptatioune proposéieren.

Wunngemeinschaften zu Esch / Reportage vum Fanny Kinsch

Hannergrond ass eng Definitioun, déi virgesäit datt nëmmen nach Leit, déi Famill matenee sinn oder en "lien affectif" hunn an engem Haus zesumme wunnen dierfen. Wunngemeinschaften an Eefamilljenhaiser ginn domat verbueden - wat fir d'Oppositioun ugangs nach wéi e Feeler ausgesinn huet.

Wéi si virun engem Mount vu Leit kontaktéiert gouf, déi e Bréif kruten, si missten aus hirem Haus eraus, ass si dovun ausgaangen, et wier e Mëssverständnes, seet déi fréier Escher Buergermeeschtesch Vera Spautz, déi haut fir d'LSAP am Gemengerot setzt. Mëttlerweil hätt sech awer net nëmmen erausgestallt, datt nach vill méi Leit betraff wieren, ma datt dat e bewosste politesche Choix war - Wunngemeinschafte solle méi streng gereegelt ginn. An Eefamilljenhaiser dierfen nëmmen nach Leit zesumme wunnen, déi Famill sinn oder e "Lien affectif" hunn.

Aussoe vum Buergermeeschter Georges Mischo am Lëtzebuerger Land leschte Freideg no heescht dat, datt ee "matenee geet". Dat wier en inakzeptabelen Agrëff an déi perséinlech Rechter, fënnt d'Vera Spautz, an och de Marc Baum, Deputéierten a Gemengerot vun déi Lénk.

Marc Baum:"Wat ass da, wann ee sech en cours de route trennt, an awer fënnt, datt een awer eens gëtt zesummen, an datt een awer do wunne kann. Wat geschitt dann, wann eng homosexuell Koppel sech umelle wëll, muss déi dann am Biergeramt e Bekenntnis maachen, datt si homosexuell ass? Et ass komplette Wansinn, ech mengen esouguer datt, wann een déi Logik weider denkt, datt et souguer verfassungswiddreg ass."

D'Argumentatioun vum Buergermeeschter an der Press, et géing hei drëm goen Abusen z'evitéieren, kënnen d'Oppositiounsparteien net novollzéien. Cafészëmmer wieren typescherweis an Appartementer, seet de Marc Baum, déi wieren awer net vum WG-Verbuet concernéiert. An ëmmerhi géif et zanter Dezember 2019 e gesetzleche Kader ginn, deen de Georges Mischo iwwerdeems och als Deputéierte matgestëmmt hätt.

Vera Spautz: "Dat heescht wann een elo seet, et géif drëms goen, fir dat an de Grëff ze kréien, mat de Schlofhändler, respektiv Cafészëmmer, da stellen ech mer d'Fro, op e weess, wat e stëmmt an der Chamber als Deputéierten an als Député-maire. Dat ass duerch dat Gesetz gereegelt ginn, a wat en elo Wëlles huet, fir déi Wunngemeinschaften ze verbidden, an iwwregens Leit déi schonn zesumme wunnen, déi e Bréif kritt hunn, dat ass illegal an do wäerten och eng ganz Rei Leit, respektiv mir als LSAP Esch hunn dat och ugebueden, juristesch virgoen."

Den Affekot a parlamentaresche Mataarbechter vun der LSAP Max Leners huet dofir e Bréif preparéiert. Senger Meenung no huet eng Dispositioun, déi ugëtt wien an engem Haus dierf wunnen, guer näischt an engem PAG ze sichen. Sollt dësen trotzdeem a senger aktueller Form gestëmmt ginn, géif een dat beim Inneministère kontestéieren an noutfalls och beim Verwaltungsgeriicht. Datt e WG-Verbuet do duerch kéim bezweifelt de Jurist.

Max Leners:"Et gëtt eng Jurisprudenz vu Monnerech, wou d'Gemeng eng änlech Dispositioun geholl hat, wou dunn natierlech duerno gesot ginn ass, och ënner plus ou moins der selwechter Argumentatioun wéi elo zu Esch, a wou dunn d'Tribunal administratif sot, datt dat do net sou geet."

Op Nofro wollte weder de CSV-Buergermeeschter Georges Mischo, nach den DP-Schäffe Pim Knaff Stellung huelen.
De grénge Schäffe Martin Kox huet nëmme schrëftlech op eng Rei Froe geäntwert - hei heescht et, et wier "ënnert aneren ass virgesinn, dass ee méi flexibel Studenten ka bei sech am Eenfamilienhaus ophuelen."

Zum Hannergrond vun der Mesure schreift de Martin Kox, et hätt ee reegelméisseg Fäll, an deenen 1 Persoun eenzel Raim an engem Eefamilljenhaus fir eng WG verloune géif - dat géif de Präis an d'Luucht dreiwen, an dat wéilt ee verhënneren, fir d'Eefamilljenhaiser ze protegéieren.

PDF: Schrëftlech Äntwerte vum Martin Kox

Back to Top
CIM LOGO