Unerkennung vu PalästinaXavier Bettel stellt "Solution à la luxembourgeoise" an Aussiicht

RTL Lëtzebuerg
Eng Petitioun hat gefuerdert, datt Lëtzebuerg Palästina als offiziellen onofhängege Staat unerkennt. Doriwwer gouf e Mëttwoch an der Chamber debattéiert.
Maniff e Mëttwoch de Moien um Krautmaart: Den Opruff dozou war gedeelt gi vum Collectif Waassermeloun a vun der Plattform Letzactforpalestine. Si haten e Samschdeg och schonn um Kierchbierg virum Gebäi vun RTL manifestéiert - géint déi an hiren Aen net engagéiert genuch Berichterstattung vun RTL an anere Medien. An der Chamber goung et de Mëttwoch ëm eng Petitioun, déi freet, datt Lëtzebuerg Palästina als Staat unerkennt.
Maniff e Mëttwoch de Moien um Krautmaart: Den Opruff dozou war gedeelt gi vum Collectif Waassermeloun a vun der Plattform Letzactforpalestine. Si haten e Samschdeg och schonn um Kierchbierg virum Gebäi vun RTL manifestéiert - géint déi an hiren Aen net engagéiert genuch Berichterstattung vun RTL an anere Medien. An der Chamber goung et de Mëttwoch ëm eng Petitioun, déi freet, datt Lëtzebuerg Palästina als Staat unerkennt.
© Luc Rollmann / RTL

Debat iwwert d’Unerkennung vun Palästina an der Chamber / Reportage Michèle Sinn

Eng “Solution à la luxembourgeoise”, dat stellt den Ausseminister Xavier Bettel fir d’Unerkennung vu Palästina als Staat an Aussiicht. Wann hie bis Enn des Joers keng koordinéiert Aktioun mat anere Staaten op d’Been kritt. Dat ass d’Conclusioun vum Debat iwwer d’Petitioun an der Chamber, an där d’Regierung opgefuerdert gëtt, Palästina unzëerkennen. Domat géing Lëtzebuerg Fridden a Stabilitéit fërderen, esou de Petitionären hiert Argument.

© Luc Rollmann / RTL

Virun der Chamber hunn eng 20 bis 30 Manifestante protestéiert, fir ënnert anerem eng direkt Wafferou a Gaza a Sanktioune géint Israel ze fuerderen, wärend bannenan iwwer d’Unerkennung vu Palästina als Staat diskutéiert gouf.

Il n’y a en réalité auccune raison particulière de repousser la reconnaissance à un hypothètique moment oppurtun. Il s’agit simplement de constater la réalité actuelle de la Palestine et à contribuer à rendre possible sa souveraineté pleine et effective sur le terrain sans occupation étrangère”, sot de Vëlkerrechtsexpert François Dubuisson vun der ULB. Lëtzebuerg géif Palästina souwisou schonn iwwer international Konventiounen unerkennen.

D’Martine Kleinberg vum Jewish Call for peace, selwer Jüddin, huet ënnerstrach, datt et weder antisemittesch, nach antiisraelesch wier, fir d’Unerkennung vum palästinensesche Staat z’ënnerstëtzen. Au contraire:
Combattre l’antisemitisme passe aussi par une condamnation sans équivoque par des crimes commis par Israel. Par la fin du deux poids, deux mesures en faveur d’Israel.

D’Dalia Khader, Lëtzebuerger-Palästinenserin, sot, Palästina hätt längst missen unerkannt ginn. Wier dat geschitt, wier d’Hamas ni staark genuch ginn, fir d’Attacke vum 7. Oktober duerchzeféieren. Dëse Schrëtt wier keng Belounung vun der Hamas hirer Gewalt. Am Géigendeel: “Wat méi Gewalt do ass, wat mer der Hamas méi hëllefen, ze rekrutéieren.

Den Ausseminister Xavier Bettel blouf bei senge fréieren Aussoen. Et wier ee sech eens iwwer d’Unerkennung vum palästinensesche Staat, mee et dierft d’Gewalt vun der Hamas net belounen a se dierft de Palästinenser duerch e schlecht gewielten Zäitpunkt net schueden.

De Petitionär Halid Karajbic huet déi Argumenter net akzeptéiert. Déi Positioun géif och d’Vertraue vun de Muslime weltwäit an d’Demokratie fatal ënnergruewen. “Mir hu 40.000 muslimesch Memberen hei am Land. An ëmmer méi Leit soe sech, mir gleewen net de Regierungen hei. Mir gleewen net Amerika, dem (Jo) Biden an allen aneren, déi behaapten, si géifen eppes maache fir de Fridden. Awer am Endeffekt kënnt ni eppes eraus. Et gëtt einfach laang gezunn.” A wéi wëllt de Xavier Bettel aner Regierungen iwwerzeegen, mat op dee Wee ze goen, wann e selwer den éischte Schrëtt net géing maachen.

Déi Lénk, déi Gréng an d’LSAP hate virun e puer Woche schonn eng Motioun ënnerstëtzt, fir d’Unerkennung vum Staat Palästina an hunn deemno och e Mëttwoch fonnt, den Zäitpunkt wier do. Den Ausseminister Xavier Bettel soll also spéitstens virun der Chrëschtvakanz zréck bei d’Chamberkommissioune kommen, fir ze soen, ob hien eng gemeinsam Positioun negociéiert krut oder seng “Solution à la Luxembouregoise” virzeleeën. Vun der CSV huet kee sech am Debat geäussert.

Vun den 193 UNO-Memberlänner hunn der mëttlerweil 145 Palästina unerkannt. Lëtzebuerg jo nach net. An an enger rezenter Diskussioun driwwer huet et vun der Regierung geheescht, et wéilt een och nach weider ofwaarden. Eng entspriechend Motioun vun der LSAP an der Chamber, déi eben d’Unerkenne verlaangt hätt, gouf och vun der CSV-DP-Majoritéit refuséiert.

Back to Top
CIM LOGO