An Zukunft 4 verschidden DirektiounenYuriko Backes reorganiséiert de Mobilitéitsministère

RTL Lëtzebuerg
E knappt Joer, nodeems de politeschen Haushär am Mobilitéitsministère changéiert huet, reorganiséiert d'Yuriko Backes hire Ministère.
Archiv-Foto vun enger Pressekonferenz
Archiv-Foto vun enger Pressekonferenz
© MAE

Gréisste Changement ass et, datt déi 2 héchstgestallt Coordinateuren ersat ginn, respektiv nei Chargë kréien.

Deemno geet den Tom Weisgerber am Hierscht an d’Pensioun an d’Félicie Weycker iwwerhëlt déi nei Generaldirektioun vun de juristesche Froen an de Marchés publics. D’Félicie Weycker ass iwwerdeem Presidentin vu LuxAirport, dem Fonds Belval an dem Fonds du Kirchberg a sëtzt an de Verwaltungsréit vu Luxtram an der CFL iwwerdeem den Tom Weisgerber Cargolux-President ass an ënnert anerem an de Verwaltungsréit bei LuxAirport an der SEO ass.

An Zukunft ginn et dann och 4 Direktiounen am Ministère, wou de Jean-Paul Lickes d’Generaldirektioun vum ëffentlechen Transport iwwerhëlt, d’Sylvie Siebenborn d’Generaldirektioun vun den ëffentleche Bauten an de Gilio Fonck, dee vun der Maison du Grand-Duc an de Ministère wiesselt, d’Koordinatioun vun der Generaldirektioun Aviatioun a Strategie kritt.

Déi 4 Generaldirektioune ginn an Zukunft vum Max Dörner koordinéiert, dee General-Coordinateur fir d’DP-Ministesch ass. Och den DP-Fraktiounssekretär Loris Meyer geet an de Ministère vun der bloer Mobilitéitsministesch an ass fir d’Kommunikatioun zoustänneg.

Back to Top
CIM LOGO