
4 Kierche goufen zu Habscht, Jonglënster, Recken un der Mess an am Iernz-Dall vun de respektive Gemengen iwwerholl. Bei enger Kierch ass nach net kloer, ob d’Gemeng se iwwerhëlt. Déi aner 20 waren ewell a Gemenge-Proprietéit.
Aktuell stinn eng 220 Kierchen a Kapellen ënner Denkmalschutz. Dobäi kommen nach emol 40 kleng Kapellen, déi Privatleit gehéieren an och protegéiert sinn.
Am Ganze ginn et eng knapp 500 Kierchen am Land, vun deene keng dem Staat gehéiert.
Dës Prezisioune liwweren déi 3 concernéiert Ministere Frieden, Thill a Gloden op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Dan Biancalana.