
Wéi geet ee mat Terrormenacen ëm a mat wiem gëtt zesummegeschafft ? Ënnert anerem dat wollt d’LSAP an enger parlamentarescher Fro gewuer ginn.
Déi national an déi international Kooperatioune wieren ee Schlësselelement, wann et ëm Terrormenacë geet, heescht et an der gemeinsamer Äntwert vun de Ministeren Elisabeth Margue, Leon Gloden a Luc Frieden.
Méi konkret wollt den Dan Biancalana Informatiounen iwwert e versichten Terrorakt 2023, deen awer eréischt rezent public gemaach gouf. Et hätt een net éischter doriwwer kënne kommunizéieren aus taktesche Grënn vun der Enquête a well nach Saachen am Ausland hätte missen iwwerpréift ginn, betounen déi dräi Ministeren.
Zanter 2023 goufen iwwerdeems zu Lëtzebuerg dräi Persounen en Lien mat Terrorismus festgeholl.
Déi dräi CSV-Ministeren ënnersträichen dann och an hirer Äntwert, datt een a Saachen Terrorismus genee wéi déi aner EU-Memberstaaten mat Europol zesummeschafft.
Op nationalem Niveau da géif de staatlechen Noriichtendéngscht ënnert anerem enk zesummeschaffe mat der Justiz, de Servicer vun der Police an dem Haut-Commissairat à la protection nationale. Donieft géif och de Koordinatiounsgrupp an der Lutte géint den Terrorismus reegelméisseg zesummekommen, fir de Point ze maachen.
Virun allem d’Preventioun am Beräich Terrorismus wier essentiel. Ënnert anerem gëtt et zanter 2017 zu Lëtzebuerg d’ASBL SOS Radikalisatioun genee wéi och en Zenter géint d’Radikalisatioun.