Police-BulletinZe vill gedronk, an Accident verwéckelt an illegal fortgefuer

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend koum et zu engem Accident mat Materialschued bei Rombech-Maartel.
© RTL

No engem Sträit huet sech eng Automobilistin, déi am Accident verwéckelt war, aus dem Stëbs gemaach. Den Auto, wéi och d’Fuererin konnte kuerz drop ermëttelt ginn. Den Alkoholtest ass positiv verlaf an de Permis gouf agezunn. Dobäi koum nach eng Plainte wéinst Farerflucht.

E Méindeg am Nomëtteg gouf zu Housen an Automobilist bei der Police gemellt. Den Auto gouf säitens der Police ugehalen, den Alkoholtest ass positiv verlaf. De Permis gouf agezunn an den Auto gouf op Uerder vum Parquet zu Dikrech saiséiert.

Dann hunn d’Beamten en Dënschdeg de Moie fréi en Autofuerer gestoppt, deen der Police zu Dikrech an engem Sens unique entgéint koum. D’Persoun hannert dem Steier hat ze vill gedronk a krut de Fürerschäin ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO